Wéi kanns du eis Nerven ëmmer neess strapzéiere mat sou flotte Biller aus dem Wallis? Wéini duerfe mir mol endléch neess dohinner an net just een oder zwee Deeg op Zürich bei eise Jong? Lo hu mir schon dat läscht Joer eis geplangte Vakanz an dRuinalta 3 Mol verluecht a wéi et ausgesäit brauche mir et dest Joer guer net ze probéieren...
Ech hat mol am Lycée viru ville Joerzingten ee Matschüler, deen huet och sou Experienze gemaach mat Stechapfel, an hien huet behaapt, hie géif esou op Astralrees goen... Leider ass hien eemol ze wäit vu séngem Kierper fort gaangen an koum net mi heem... Mais deemols konnt een nach net mat Photoshop op sou "Ausflig" goen, wéi dat haut de Fall ass.
Op alle Fall ass déng Bearbéchtung hei beängschtegent a faszinant an engems...
Domadder erspuers de dir een Hummer, ..d'Kamera war sengerzät bekannt als extrem robust, an datt een ausser fotogrféieren mat hier och nach kéint Neel an d'Mauer schloen
Schoin, deng nei Spillsaach!
D'Géigeniwwerstellung vun dem aalen Traditiounsgebäi an dem Stater Aushängeschëld vun enger moderner Mobilitéit harmonéiert nawell ganz gutt, ..de gros plan oder close up, wéi een ët wëll huelen ënnersträicht dobäi dës Zeen.
Ech schwärme bei dénger Foto hei!