Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.
Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.
Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen ass den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag)
fir Iessen an Gedrénks, Workshops, en Contest mat Praisser an villes méi ass gesuergt an et giff eis freeën wann s och du derbäi wiers!
Ech hon eng Froe. Ech hon jo dei D60 vun Nikon. Well mer lo awer e Bletz kaafen (well ech na keen hat), an o na flaicht dat ent oder anert Objectif. Mengs du et wir besser ech geif e neien Apparat kaafen, e mei groussen boitier, oder passen dei Bletzer an Objectifer och ob mei grouss Apparater vun nikon?
Wann ech e neien soll kaafen wat geifs du mir roden? Vill Froen beienen, ..... Merci a bis geschwenn
SB900? sen gespaant op puer schoin beliichten Fotoen!!!
(indirekt Luuscht as emmer interessant, kuk den Bletz emmer enzuech op eppes ze riichten wou dLuuscht reflekteiert, sou krissde manner Schieter an mei Stemmung an dFotoen)