Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Flamingos

 
Flamingos
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (21.08.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2013
  • Gekuckt:
    64451
  • Favoriten:
    12 (Wen?)
  • Kommentarer:
    59
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    35 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x600
  • Späicherplaz:
    505 KB
  • Originaldatum:
    19.07.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70mm f/2.8 II
Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
2. Kategorie: DĂ©ieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74377]
Kommentar vum Fotograf:
mol aus enger annerer Perspektiv
gogo 21.08.2013 - 23:52
Flott flott, koennt ganz gudd riwwer am Panorama!

Wéi ass daat, du muss zimlech nodrunner gewierscht sin mat 35mm, sin déi Déieren do net färtereg?

Bei mier leeft all Déier fort, suguer e Schleek huet läschte Kéier demi-tour gemeet wou ech mat der Lëns rendrëmmer gelungert hat!
Schluck 26.08.2013 - 20:04
Merci gogo, jo ganz no .. déi do sinn nët färtereg wëll se un d'Léit gewinnt sinn dofir konnt ech mech och virun si ob den Buedem léën an d'Fotoën machen. Si steet jo och dofir NËT ënnert "Wëll Déieren".
gogo 26.08.2013 - 23:00
ahjo ech gesin lo bei der Kategorie an ech gesin och an der rietser Kolonne, eng wuel verdengten Wochefoto, war mer och direkt positiv opgefall di heiten hei.
Gratulation och vu menger Saeit aus.
Charly_Ente 21.08.2013 - 23:53
wow...... wei hues de dei gemaa?
genial! bigsmile
Schluck 26.08.2013 - 19:14
Hmmm .. mat der Drone virdrun geflunn .. als Flamingo getarnt, mam Jean-Claude senger Taucherausrüstung bigsmile Wéi häss de ët gaer ? tongue

Ët woar vill méi einfach ....
Merci Charly smile
Charly_Ente 26.08.2013 - 22:59
dann ziel ma mol surprised
Schluck 26.08.2013 - 23:03
Déi plausibelst Aentwert léit ëmmer sou no ..Kuck mäin Kommentar beim gogo uewendriwwen closed_eye
Charly_Ente 26.08.2013 - 23:14
ahh *gefuddelt* tongue
awer flott closed_eye
Schluck 26.08.2013 - 23:18
Nöö, gefuddelt .. wisou ... steet jo nët ënnert "Wëll Déieren" ... oder ?
Charly_Ente 26.08.2013 - 23:27
well se net fortlaafen bigsmile egal op et well oder net ass smile tongue
Schluck 27.08.2013 - 10:40
Ech sinn och där Meenung ... Ech géif se och nët ob een Naturfotographieconcours eraginn.

Mais vu que dass sech hei keen drun stéiert hunn ech net agesinn firwat ech ët soll anescht maachen ... Ob mannst soen ech jo nët si wieren wëll ... Mir haten déi Diskussioun mam Gianni an mam Marc jo schonn hei:

Zwee Nachtreiheren beim S.X


Ech konnt se net mat der Hand heemelen ... D'Foto ass jo awer flott .. smile
Charly_Ente 27.08.2013 - 18:54
sot io neicht dogeint smile
JZ 22.08.2013 - 00:06
Super vue a flott Farwen.
Schluck 26.08.2013 - 19:13
Merci gesoot John smile
kokopelli 22.08.2013 - 00:09
Schluck,ech mengen du hues Flilleken oder eng Funk fernsteierung closed_eye anescht mengen ech as dest net méigelech,absolut Top déi do.
Schluck 26.08.2013 - 19:13
Meci kokopelli, ët ginn vill Méiglechkeeten fir esou een Bild ze machen .. hei ass ët wéi sou oft déi einfachst closed_eye
mischii 22.08.2013 - 00:22
haas de Dech do als Flamingo getarnt an Du soutz mattendran?
ganz schéin Naturfotographie
Schluck 26.08.2013 - 19:11
Hehe .. dat wier natirlech och nach eng Idee .. Merci mischii
OK-Photography 22.08.2013 - 01:08
35mm - DAAT nennen ech mol eng NAI Saach an Punkto Villerschersfotografie! GEFäLLT MER IMMENS GUDD!
dPerspektiv ass erfreschend anecht, dFaarwen uerdentlech knackeg - fir mech eng wierklech gelongen Foto!! Respekt smile
Schluck 26.08.2013 - 19:11
Merci Oli, probéieren ëmmer gaer néi Saachen aus .. Freet mech!
Jeanny 22.08.2013 - 07:19
eng super Foto
Schluck 26.08.2013 - 19:10
Een décken Merci Jeanny smile
gunman 22.08.2013 - 08:24
Och fier mech eng Mega Photo, an besonnesch emol eng net mat engem 600 mm. Do geseit een, dass Du daat och voll drop hues.smile
Schluck 26.08.2013 - 19:10
Héi huet sech dat Bild ungebueden .. woar gudd dass ech deen Dag den WW dobéi haat fir ee puer Landschaftsobnahmen ze machen
theom 22.08.2013 - 08:46
Einfach TOP.
Schluck 26.08.2013 - 19:09
Merci gesoot theom smile
Fennec 22.08.2013 - 09:34
flott Luchtstemmung, gefällt mir
Schluck 26.08.2013 - 19:08
Merci Fennec, d'Foarwen sinn gudd erausskomm , woar schon méi spéit am Nomëtteg.
JC1967 22.08.2013 - 09:59
Herrlech dei doten. Elo wous du deng Foto jo hues, kanns de mer meng Taucherausrüstung enlech mol erem gin. Ech brauch se jo nach fir den Eisvillchen.
Schluck 26.08.2013 - 17:34
Jo stëmmt, bei dem do Wierder brauchs de lo ëmmer méi closed_eye, Merci fir d'Léien Jean-Claude bigsmile
NikonD80 22.08.2013 - 10:25
eng super Foto, zemools Perspektiv gefält mir immens
Schluck 26.08.2013 - 17:33
Merci Guy, jo d'Kamera ganz knapp iwwert Waaser .. wat bestëmmt och nach intressant wier wär esou een !ennerwasserboitier fir sou hallef ënner an hallef iwwer Waasser Biller ze maachen
Conley 22.08.2013 - 23:31
Perspektiv ass den Hummer eng Millioun Mécken nach ewech stempelen an dann ass se Top closed_eye
Schluck 26.08.2013 - 17:31
Hehehe .. du mengs Moustiquen ? Also ee gudden Spray an du bass no enger Woch immun closed_eye
Conley 26.08.2013 - 20:14
JO genau déi unhappy di mech ëmmer friessen wëllen bigsmile Awer nach Gléckwonsch Schluck!!
Schluck 26.08.2013 - 20:37
Ech muss mol eng Foto posten wéi mäin Auto no enger Woch ausgesinn huet ... du konns nach knapps d'Nummerschëlt liessen
Conley 26.08.2013 - 20:47
Maach datt bigsmile bigsmile
BlackLizzard 23.08.2013 - 18:53
Schéin Foto. Aus der Perspektiv an dann mat 35mm.. op déi Idee muss een och fir déischt emol kommen.
Schluck 26.08.2013 - 17:30
Ech sichen ëmmer gaeren ee besonnegen, ongewinnten Wénkel ... och bei den Concertsfotoën ... hunn lo eng néi Spillsaach, do kommen bestëmmt och nach ganz intressant Perspektiven closed_eye
BlackLizzard 26.08.2013 - 22:11
Do sinn ech dann awer mol gespaant. smile
jorsch 23.08.2013 - 20:59
Eng erfrëschend aner Perspektiv, dat och nach am Panoramaformat.
Do war s de awer no drun, has de d'Schëtonguep och hei derbäi? smile
Eng super Foto!
Schluck 26.08.2013 - 17:29
Nee keng Schëtonguep an och keng Taucherausrüstung, ee bëssen an den Dréck geluecht an d'Kamera ganz knapp iwwert d'Waaser gehaalen ass dës Kéier duer gangen closed_eye
hardae 25.08.2013 - 19:30
Ups elo hat ech déi bal verpasst. Eng S..flott Foto.
Schluck 26.08.2013 - 17:27
smile
JC1967 26.08.2013 - 00:03
Congrats Schluck. Wuelverdengten WF
Schluck 26.08.2013 - 17:13
Merci gesoot JC, och dir een décken Merci smile
Paul-H 26.08.2013 - 00:14
Haat dann mol rem eng Kéier mat der Majoritéit gestemmt. Gratuléieren, wirklech eng wonnerbar Foto daat doten, huet d'WF honnert pro verdengt.
Schluck 26.08.2013 - 17:12
Merci Paul, freet mech besonnech smile
NikonD80 26.08.2013 - 07:30
ech gratuléieren, och mäin Favorit
Schluck 26.08.2013 - 17:12
Merci Guy, lo gléich erëm bei d'Krukerten ?
NikonD80 27.08.2013 - 11:43
et kennt emol sinn smile
hardae 26.08.2013 - 07:49
Félécitatioun Schluck
Schluck 26.08.2013 - 17:11
Villmols Merci Harry smile
gemu 26.08.2013 - 08:45
Félicitatiounen Schluck, eng fantastesch Opnaam, mega an den Faarwen
Schluck 26.08.2013 - 17:11
Villmols Merci gesoot Georges smile
Abacab 26.08.2013 - 11:20
Gratulatioun Schluck!
Super Perspektiv a Faarwen an erfrëschend Aanescht...
Schluck 26.08.2013 - 17:10
Merci gesoot Marc, freet mech smile
Frasigi 27.08.2013 - 22:57
Dein Tanz der Flamigos hat eine herrliche Leichtigkeit, Eleganz und feine zarten Farben! Herzlichen Glückwunsch zum Foto der Woche! smile
Schluck 27.08.2013 - 22:59
Vielen Dank für das Kompliment Frasigi .. hat mich sehr gefreut smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 278 Gäscht online