Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Giulia Spider

Giulia Spider
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.06.2021
  • Gekuckt:
    17759
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1530x1132
  • Späicherplaz:
    742 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91409]
Kommentar vum Fotograf:
Bis an d'70er an och nach deelweis an d'80er haaten vill Tankstellen ausser Zigaretten och nach déi eng oder aaner Occasioun unzebidden.
Déi Alfa hei stoung op der Tankstell ënnen op der Escherstroos bei der Hollerëcher Kierch.

Mamiya 645 1000S Sekor C 1.9/80mm AgfaPan 100
Klick an du gesäis besser waat un der Alfa alles ze bemängelen war...
Nicon07 21.06.2021 - 14:48
Et ass mat deenen Oldtimere, wéi mat allem, wat aal a gebraucht ass. Schéin ze kucken, an et kritt ee Loscht, fir séch domadder ze befaassen, mais d'Vices plus ou moins cahés sin nécessairement do. Mais Gott sei Dank gëtt et jo awer genuch Bastler an Tüftler, déi sou eppes an d'Rei kréien an och halen. Fir méch wier dat näischt.

Mais déng Foto hei gefällt mir awer ganz vill.
Jaycee 24.06.2021 - 15:57
Wanns de e gudde Bekannten hues de Mécanicien ass, ech mengen ée richtegen Mécanicien a nët ée Mécatroniker, da kann der nët vill geschéien. Ech hun ée kannt den huet ëmmer vu mengen aale Volvoen (PV544, P122S, P1800) gemengt, mat engem Hummer a Méessel kéint ée scho vill maachen...
Nicon07 24.06.2021 - 17:28
Hei ans do freet ee séch wirkléch, ob et fréier net besser war (wat natirléch Quatsch ass), mais di heiteg Autoe si super an imbattables, wann dann de Bordcomputer alles efficace géréiert. Mais Gal a Box, wann deen ee Krabbeldéierchen huet... Ech hat haut de Moien nach ee Gespréich mam Portier aus eiser Schoul iwwert d'Start-Stop-Automatik an d'Démarreuren... soss huet et geheescht: maach den Auto net ze dacks aus an un, soss fëmmst du den Démarreur, haut muss du ee Knä p pchen drécken, datt dir den Auto net automatesch ausgeet, wanns de nëmmen neeléch op d'Bremspedall drécks... bigsmile
Jaycee 24.06.2021 - 18:15
Da kënne mer just hoffen dass haut d'Démarreuren méi solid sin...
Ech hun elo leschters eng Horrogeschicht vun de Jaguar 3 Liter V6 Dieselen héieren. Eng ganz Partie Motoren hun esou ëm déi 50.000 km de Géscht opgin, well éen oder méi Kurbelwellelagerschuelen, déi an de Block gepecht sin, lass gaange sin a da mat der Kurbelwell matgedréit hun an esou de Block ruinéiert hun. Wanns de beim Jaguar Service nohaaks, kriss de gesoot née sou eppes haate mer nach nie, an ausserdem hut der jo 3 Joer Garantie...
Nicon07 24.06.2021 - 19:29
Wann een dovunner ausgeet, datt de klassesche Jaguar 3 Liter V6 D Fuerer midestens eng 6 op der Zehnerstell huet, a wann et gutt geet, 5000 Kilometer am Joer fiert, da kënnt an deem do Fall kaum nach eng Garantie op, nedu?!
theom 22.06.2021 - 17:03
mäin éischten Auto ( Sunbeam Imp ) hat ech 1968, och op enger Tankstell um Sennengerbierg kaaft.
Jaycee 24.06.2021 - 15:51
Den Imp war fir seng Zäit een erstaunlech fortschrëttlechen Auto, besonnesch vun der Mechanik, déi ass och am Rennsport an der 1 Liter Klass agesaat gin wéi hei z.B.:
Costin Nathan

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 430 Gäscht online