Dach, dach, Eric, do gëtt et suguer 2 verschidden Zorten, d'Gebirgsstelze an d'Schafsstelze. D'Schafstelze ass éischter rar hei zu Lëtzebuerg, wann iwwerhaapt. An déi ass nach méi giel, wéi d'Gebirgsstelze, déi ech hei fotograféiert hun. Di gëtt et méi heefec am Éislék, mais et fënnt ee se awer och laanscht aaner Gewässer, wéi d'Atert z.B. Mais komm eemol op d'Sauer bei der Misärsbréck an de geess du do den naturPur Pad. Mat e bësse Chance gesäis du ee giele Paanewippchen do sëtzen oder opféie, wanns du kënns.