Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

La famille s'agrandit

La famille s'agrandit
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.09.2021
  • Gekuckt:
    17369
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    48 mm
  • ISO:
    220
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1000
  • Späicherplaz:
    407 KB
  • Originaldatum:
    2021:09:16 15:47:14
  • Fotoapparat:
    NIKON D500
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91562]
Kommentar vum Fotograf:
Haut hun ech dann och eng Pentax S2 geliwwert kritt. Ech hu schon ee Kodakt TMax 100 derduerchgezunn an entwéckelt. Deen hänkt hei niewent mir am Gank ze dréchnen.

Cool mat sou engem Apparat vun ëm 1960 (also liicht méi aale, wi ech) voll manuell ze fotograféieren ouni Beliichtungsméisser a mat permanenter "Abblendschärfevorschaufuktion". Dat heescht, et gesäit een am Sucher durch di agestallte Blend, an net, wéi bei mi neien Apparater übléch, durch eng Offeblend, déi beim Ausléisen zougeet. Scho praktesch, och wann d'Sucherbild net dat hellst ass.
Jean-Jos 19.09.2021 - 14:31
Herrlech Familljefoto.
Ech bewonneren däin Asaatz, fir mat dësem Material ze fotograféieren.
Nicon07 19.09.2021 - 19:50
Ech hu kee wirkléche Choix, wann dat zu ménger Tâche an der Schoul gehéiert. Mais ech kan dir soen, et mécht awer Freed, bseonnesch, wann een di Geräter bei emgem Händler des Vertrauens kritt, deen déi an Topform bréngt, eet en se verkeeft.
Jean-Jos 19.09.2021 - 22:10
Ah ok, immens flott, wann een am Beruff säin Hobby ausübe kann. Esou Händler vum Vertrauen ass definitiv eng gutt Saach.
Nicon07 20.09.2021 - 16:23
Du gleefs nit, wat ech iwwerlaaf gin all Joer. Et ass een Optiounscours fir 2es Sciences de la Santé, déi zéch verschidden Optiounscoursen ugebuede kréien, awer mäin ass ëmmer als éischt voll, an et geet suguer sou wäit, datt se mir ëmmer méi Schüler zouschoustere, wéi ech eigentléch maximal wëll. Dofir brauch ech dann di vill analog Apparater. Keng Aaanung, wat do sou "sexy" drun ass fir een 18-20 Jähregen, fir op s/w Film ze knipsen an am léifsten ganz manuell, mais do schingt wirkléch ee besoin ze sin. Ech fannen dat gutt. smile
Jean-Jos 20.09.2021 - 19:20
Effektiv speziell esou en Intérêt vu Schüler vun der Sektioun 'Sciences de la santé', mee ech kéint mir gutt virstellen, datt den Zoulaaf och un dem kompetente Proff läit. A wéi's du, fannen och ech dat gutt, datt dëst Optiounsfach vun de Schüler genotzt gëtt.
gemu 25.09.2021 - 12:05
Chapeau fir däin Asaatz bei de Jonken, back to basics, lo wou d'Chipversuergung zesummegebrach ass kommen di aal Tataen ganz geléen, hoffentlech zitt déi Jonk Generatioun eng Léier draus, wëll bei eis ass Happ a Malz verluer.
Nicon07 25.09.2021 - 14:45
Ech si méi wi eemol mat deene Jonken amgaangen ze diskutéieren (ech gi jo dat schéint a wichtegt Fach Education à la Citoyennetéclosed_eye, iwwert eis Welt a wat eis Generatioun ugeriicht huet, "fir datt si et eemol besser sollen hu, wi mir..." Mais, och di aal Tatae maache jo vläicht gutt Fotoe, mais ganz onproblematesch ass dat och net, wann een un di ganz Chimie an de Ressourceverbrauch denkt, fir d'Selweremulsiounen.

Sou kann een séch och d'Liewe schlecht rieden. smile
gemu 26.09.2021 - 22:21
loos mer soen et ass Chimie Douce closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 293 Gäscht online