Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Leurs jours sont comptés

 
Leurs jours sont comptés
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.02.2019
  • Gekuckt:
    45845
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x801
  • Späicherplaz:
    884 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=89758]
Kommentar vum Fotograf:
Di Mierscher Siloe si geschwë Geschicht, schon ass de Bagger am gaangen, ee Gebai hannendrun (di aal Mëllechpolverfabrik) ofzerappen. Awer och di Automotice vun der Rei Z 2000 vun der CFL hu just nach fir e puer Joer an da wärten och si vun eise Gleiser verschwonne sin.


Just dat aalt Stellwierk wärt wuel als Musée erhale bleiwen.
marker 16.02.2019 - 13:13
Domadder verschwënnt secherlech och ee 'Stéck Miersch' unhappy
An de 70er, wärend menger Zäit am Lycée wor dëst Gebai ee gewinnten deeglechen Ubléck vum Quai aus.
Nicon07 16.02.2019 - 14:33
IBIDEM IDEMQUE...

Just datt ech deemols nach iwwert d'Barrière vun an ob Bieréng koum/goung. Besser wier et nach gewiescht, wann ech fir dës Foto den historesche Westwaggon hätt kënne knipsen. closed_eye
marker 17.02.2019 - 09:50
Ech ka mech nach drun erënneren wou d'Barrière hei vun Hand erop an erof gedréit gouf, ...tjo, an de Westwaggon vun deemols, "ech woust de Numm net méi", ..a wärend dem Trajet nach eng leschte Geleeënheet d'Lektioun z'iwwerfléien virun enger Prüfung closed_eye
Nicon07 17.02.2019 - 10:22
Ech stoung suguer am Stellwierk dobäi, wann di Barrière do vun Hand op an zougemaach gin ass, mäi Bopa war nämléch Eisebunner an de Papp vun engem vu ménge Schoulkomerode vun deemols huet um Stellwierk geschafft. Grad sou, wéi ech och uewen um Silo war, mam Papp vun eengem aanere Schoulkomerod.
Paul-H 17.02.2019 - 19:54
Mir schengen des Plaatz zu e puer gudd ze kennen. Ech hun bis 1974 zu Biereng gewunnt a sin ganz oft mam Velo iwer d'Barrière gefuer déi haut net méi do ass. Oft ass et souguer virkomm dass de Mann um Stellwierk een nach séier riwer gewenkt huet wann een mol knapps drun war, éier hien dann weider um Rad gedréit huet.
Ufanks den 80er Joeren, wéi ech den Fluchschäin gemaach hun, war de Silo deen Repère deen een vu wäitem gesin huet, wann een aus dem Norden komm ass. Miersch war en obligatoreschen Meldepunkt beim Tour um Findel wann een zrèck koum. Haut heescht et "MERSA", deemols wees ech mol net méi.
marker 18.02.2019 - 08:08
..."mir schengen des Plaatz zu e puer gudd ze kennen", ..yep, a bei mir an als gebiertege Reckener läit dat jo och op der Hand.
Ahjo, an d'Persoun vum Stellwierk war esouguer heiansdo eng Madame closed_eye
Nicon07 18.02.2019 - 08:52
Lo feelt just nach, datt mir eemol een Ex-Mierscher-PG-Usertreffen ausmaache, fir datt mir gesin, datt mir eis suguer perséinléch kennen... closed_eye
marker 19.02.2019 - 09:01
Dat ass eng Iddi, wann d'Natur nees erwächt emol eng Kéier mat der Cam eraus goen.


gemu 17.02.2019 - 11:05
Dräi mat engem Schlag, eng vun dengen schéinsten Eisenbunnfotoen, awer net nëmmen eng Bunnfoto. Schéin dass du dee Moment nach festgehal hues, Nostalgie puer vu Muer.
Nicon07 17.02.2019 - 11:07
Merci Georges!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 275 Gäscht online