Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Blummen fir op eng Kaart

Blummen fir op eng Kaart
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.04.2021
  • Gekuckt:
    317
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1250x704
  • Späicherplaz:
    290 KB
  • Originaldatum:
    2021:04:15 14:22:46
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Tamron Macro 90mm
Kategorie: Allgemeng »» Misc
2. Kategorie: Natur »» Blummen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=91304]
Kommentar vum Fotograf:
Ech wëll äer Meenung.
Ech géif dës Foto gären op enger Kaart printe loossen, si mer awer nët sécher op de Schiet nët zevill stéiert. Hei ass eng éierlech Meenung erwënscht ;)
Merc i Laurent fir d'Ausléinen vun déngem Makro!
Nicon07 19.04.2021 - 08:34
Am Fong ass di Phalenopsis-Bléi do richteg schéin a vun der Schärft a Beliichtung um Ecran optimal. Wéi dat elo op Photopabeier gëtt, dat muss ee gesin. De Schied ka stéiere, muss awer net. Well ouni däi Kommentar ass dat mir op den éischte Bléck mol guer net opgefall. Mais fir e fort ze maache gëtt et jo awer Méigléchkeeten:
1. Du kopéiers d'Foto op 2 Ebenen an da probéiers du entweder op der Ebene, déi den Ënnerbau soll gin de Schied wechze maachen oder en op di ganz lénks Halschent ze verdeelen.
2. Du schneids dee lénksen Deel bis do, wou de Schied ënnen am Kader lénks ufänt raus, méchs ee wäissen Hannergrond duer a schreifs een Text do dran.

Wat mengs du?
Jean-Jos 20.04.2021 - 14:02
Villmols Merci Nico, déi Variant mam Schied op déi ganz lénks Halschemt ze verdeelen, klengt gutt. Ech probéieren dat och mol aus. Text kënnt keent dra, et gëtt eng duebel Kart an dee kënnt "bannendran".
Eric_1989 19.04.2021 - 16:21
salut jean paul deng Blumm ass mega smile wei hues du dei weisen hannergrond gemach einfach en weist duch hannen drun ?
MBG
Eric
Jean-Jos 20.04.2021 - 14:03
Merci Eric.
Ech hun e Reflekter benotzt, den ass gespant a besser wéi en Duch oder Léilduch.
wuff 20.04.2021 - 08:21
Ech mengen dass déi gro Sträif der Foto méi Déift get. Mech stéiert méi déi lenks Bléi déi den Bléck ze vill op sech zitt.
Jean-Jos 20.04.2021 - 14:05
Villmols Merci wuff, dat ass eng ganz pertinent Bemierkung, ech probéieren emol, deen Deel ze desaturéieren, fir datt d'Faarw nët dohinner oflenkt.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Fire and Ice

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: kuwan
Am Ganzen: 3709
keen Benotzer an 549 Gäscht online