De Wee ass intressant, ''zumindest fir mäi perséinleche Goût'', a SW huet och säi Reiz, et muss ee just d'Motiver erkennen. Ech hat mech hei op dësem Wee viru Joren ausschliisslech mat Formen a Faarwen auserneen gesat.
Do hues du awer och eng interessant Approche, Marc. Mir gefalen déi Fotoen och ganz gutt.
Merci fir de Kommentar zu ménger Fotoen. Effektiv sin di zwee Skulptureweeër hei uewen zu Bilschdref an zu Lëltz ganz interessant, mais awer awer och net einfach ze fotograféieren. Besonnesch, wou een d'Impressioun huet, wéi wann de lokalen Autoritéiten net allzevill dru geleeë wier, di Steng schéi fräi hir Wirkung entfaalen ze loossen. Wa se net grad agezénkt gin, da gëtt d'Vegetatioun ronderem mol wuchere gelooss. Mais bon: Konscht a Kultur ass jo och net jiderengem sénges...
Déng Serie ass ganz uspriechend Nico a mécht Loscht déi Wéer mol nees emol ze goen. Hei bréngs du et fäerdeg - trotz den Autoritéiten hirer Konschtlethargie - datt d'Steng an der Landschaft nët nëmmen heemech gi, mee sech och zu engem Konschtgenoss entfalen.