Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Chromatesch Aberratioun
 
Chromatesch Aberratioun


Also virt éischt 't Fakten: mäer hun et hei mat enger Chromatescher Aberratioun ze din. D.h. dass 't luucht déi sech op de sensor brecht gefächert get an doduerch op helle kanten e faarwegen "halo" molt. dat kënnt duerch bëlleg Objektiver, oder duerch extremfäll wéi Contrejours mat oppener Blend. De Problem as Allgéigewäerteg a muss bekämpft gin ;)

Vir 't éischt hun ech am Photoshop méng Haaptebene dublizéiert (Apel+J / Control+J)

duerno hun ech déi "rosa" platzen selaktionéiert (Select->Color Range)


an dann mat der pipette un déi rosa Faarw geklickst!
Vu dass 't hoer an domat coh 't Aberratioun extrem dënn sin as et normal, dass 't Bild an der Selektiouns-Fënster quasi Schwaarz bleiwt. Déi Schwaart fläch weis neemlech alles un wat NET selectéiert as. all déi selectéiert pixele gi wäiss ugewisen a sin zevill geréng vir an däer klenger Virschau iwwerhapt ugewisen ze gin!


Par Contre as déi Fënsterklapp am Hannergrond mat ausgewielt gin, mee dat stéiert eis net weiderhin, well mer déi Selectioun herno ouni Problem erem eliminéiere kënnen!

Sou!
als nächst ma mer eng ebenenmask!
Bei den Ebenen (F7 drécken vir 't Ebenen opzeman) as ennen esou ee knäppchen mat engem Rechteck an engem Rondel dran. Dee muss gedréckt gin! awer opgepasst! dat geet nemmen, wa mer eis Haaptebene och virdrun dublizéiert hun, an déi dublizéiert och an der Ebenenlëscht ausgewielt hun (einfach drop klicken vir auszewielen!)! Mäer erkennen dass et geklappt huet wa mer niewend deem klenge sticker an der Ebenenlëscht eppes neies gesin. An zwar...: Ee Schwaarze Sticker!

Deen ignoréiere mer elo mol nach schéin, herno musse mer domat awer eppes wichteges man! Dovir klickse mer als nächst mol nach op dee klenge Faarweche Stickter lénks niewt deem schwaarzen vir dass eis normal Ebene ausgewielt as, an net séng Mask!

Elo get eis Aberratioun nei gefierwt!
mäer drécken Image>Adjustments>Hue/Saturation.

Dat heiten as do, vir eist bild Monochrom anzefierwen. Mäer drécken ennen de knäppchen "Colorize" a réckelen den Tounschieber esou, dass eis rosa Faarw wéi duerch zauberei verännert! mäer sichen eis ee flotte Saturatiounswäert, bis 't Faawr eis gefällt an drécken OK![/up_img]

Natiirlech kann dat elo net super-perfekt sin! Dovir musse mer eis Ebenenmask elo verfeineren!

Sou, elo komme mer zréck bei eis Ebenenmask! Klick op dee schwaarze Sticker an halt dobäi den ALT-Knäppche gedréckt! elo get eist Bilt op engkéier Schwaarz mat esou komeche wäisse Flecken! Dat as näischt anecht wéi eng schabloun déi eis Seet wat vun der gewielter Ebene Sischtbar soll sin (wäiss) a wat soll onsichtbar sin (schwarz). Amfong as et Genau dat selwecht wéi dat klengt schwaarzt Bild an der Fënster vun der Faarwselektioun (méi uewen am Tutorial) just eben am groussen :) Dat woar elo nemmen e bessen Théorie vir déi wou 't Ebenenmask nach net kannt hun! well mäer drécken erem mat ALT-Knäppchen op de schwarze sticker vir dat waarwecht bild ze gesin. Et as wichteg dass de Sticker ugeklickt as, mee eist Bild Faarwech as, soss mecht fe folgende schrëtt kee Sën:
Mat engem ganz dënne Pinsel gi mer elo mat wäisser Faarw op déi platze molen déi eis nach zevill rosa virkommen! méi as et amfong net.
Ween et intresséiert kann duerno sech 't Schabloun nachengkéier ukucken (ALT+scharze Sticker Klicken) ... gesäit intressant aus fannen ech! :) Hei kënne mer dann och nachengkéier mat engem dcke schwarze Pinsel op déi platze molen déi mer bei der Faarwselektioun matausgewielt haten ouni ze wëllen. Ech schwatze vun der Fënsterklapp am hannergrond.

Sou! vir dat ganzt nach ze verfeineren as et ni schlecht déi Ebenenmask nachengkéier e bessen onschaarw ze man, well 't Faarwselaktioun puermol e bessen zevill genau as a bei sou engem Trick komech Faarwofstufunge mecht.

Sou. elo si mer fäerdech! ;)
Geschriwwen vum MarcGerard 24.06.2010, ass säit deem 21062x gekuckt ginn.
xscooper 24.06.2010 - 12:36
kann et sin das du dech verschriwen hues?
net ALT me Ctrl ??
MarcGerard 24.06.2010 - 14:22

Mengen zwar net ....
... also vir d'ebenenmask ze kucken? well mat ctrl mess de dann eng selaktioun...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 421 Gäscht online