Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Perspektivesch Korrete Schiet
 
Perspektivesch Korrete Schiet
also de problem wann een e perspektivesche schied mecht as deen, dass vill leit vergiessen dass de schied no hannen hinner méi onschaarw get.
logesch! tippt engkéier äere fanger vun uewe mat der fangerspëtzt op den dësch an da kuckt der iech un wéi de schied fällt. bei der fangersèëtzt as e schaarw, no hannen hinner get en onschaarw.


de photoshop kann onschaarf man, mee nemmen iwwert dat ganz bild
okok, elo soe verschiddener "mach e schaarfe schied, an een onschaarfen an da spills de mat den ebenenmasken" dat as ganz schéin, mee de problem as dass sech do déi 2 ebenen iwwert eng gradual transparenz annenee vermëschen an dat as total onlogesch. do misst een dat ganzt schon a ganz villen etappe man an et wier nach net korrekt. dat gesäit dann ongeféier esou aus wéi um beispill hei drenner.esou ee schiet get et net. net emol am fall wou een mat 2 liichtquelle giff beliichten. eng weech, eng haart. et kënnt éischter nach op déi beliichtungstechnik eraus, as dann awer nach net korrekt.



hei as eng technik déi a méngen aa'en méi séier geet a vill méi genau as.

vir e schiet perspektivesch op de buedem le lee'en musse mer jo op Edit>Transform>Perspective. ech gin dovuner aus dann een dat weess, vir mech méi op 't onschäerft ze kontentréieren.

éier mer neemlech eise schief perspektivesch upassen, musse mer e schon am viraus no uewen onschaarf man.

den trick as virum onschäerfen eis schiet no uewen zesummen ze zerren!
ongeféier esou!


dann ma mer onscharf!
also mat filter>blur>unsharpmask
oder besser: filter>blur>lensblur

am beschten op 't féiss kucken, dass déi net zevill onschaarf gin. wann der de kapp virdrun schéi kleng gezun hut muss der guernetmol souvill onschaarf man ...

an dann ma mer dat selwecht wéi virdrun, mee emgedréit: also mäer verzerren eist bild uewen erem zréck no de säiten. sou dass de schiet erem proporzionel zum objet as. an do gesi mer schon dass de schiet uewe méi onschaarf as wéi ennen, an dass en awer net sech iergendwou mat engem schaarfen/onschaarfe layer iwwerschneid mee schéi gläichméisseg méi onschaarf get. en as elo bessi verpixelt, also musse mer no bestätege vun der transformatioun nachengkéier e bessen onschäerfen dass dat net opfällt.


sou, an ELO kënne mer eise schiet perspektivesch op de buedem lee'en. jonodem wéi et ebe grad gebraucht as.


denkt natiirlech beim schied lee'en drun, dass e schied an déi entgéigegesate richtung fällt wéi 't luucht kënnt. also logesch, mee dat vergesst ee séier.. a wann enzwousch 2 luuchte sin, soueg 2 schieter man, no hanne méi transparent as och logesch a besser. hun ech elo hei net gemach :)

Ech hoffen den Tutorial as verständlech a bréngt deen een oder anere weider!
Gidd mer roueg Feedback falls eppes net verstanen as, oder falls der nach Verbesserungsvirschéi hut!
Geschriwwen vum MarcGerard 30.07.2010, ass säit deem 20989x gekuckt ginn.
deBaemm 30.07.2010 - 12:15
Merci Marc closed_eye
gloda 30.07.2010 - 12:37
Cool, villmools Merci.
donpoli 31.07.2010 - 15:58
Merci Marc, an du hues Rescht, daat doten gesäit definitiv méi glaafwierdeg aus wi daat waat der am Workshop gebastelt hud closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 392 Gäscht online