Beliichtungszait | |
D'Beliichtungszait ass den Zaitraum an deem den Sensor/Film beliicht gett. Eng falsch Beliichtungszait féiert zu ennerbeliichteten (ze kuerz Beliichtungszait) oder zu iwwerbeliichteten (ze laang Beliichtungszait) Fotoen. Mam richtegen Zesummenspill vun Beliichtungszait an Blend kritt een eng schein beliichten Foto gemaach. | |
![]() | Beliichtungszait: 1/2500s Blend: 5,6 |
![]() | Beliichtungszait: 1/800s Blend: 5,6 |
![]() | Beliichtungszait: 1/200s Blend 5,6 |
D'Beliichtungszait kann een um Boitier astellen an gett folgenderweis ugewisen: 500 oder 1/500 = een 500stel fun enger Sekonn, also 1 Sekonn gedeelt duerch 500. oder 1"4, daat wieren dann 1,4 Sekonnen, " ass d'physikalëscht Zeechen fier Sekonnen. 0"3 = 3/10 Sekonn Hei ass et wichteg dei richteg Beliichtungszait ze wielen fir deen Genre fun Foto deen een well maan. Zum Beispill ass et bei Sport néideg eng Zait mei kuerz wei 1/250 ze huelen, bei Rennsport suguer mei kuerz wei 1/2000, an bei aaneren Motiver, wéi zum Beispill d'Nuetsbeliichtung fun enger Staat sollt d'Beliichtungszait mei laang sin wéi 1" (ab ca. 3" kommen d'Faarwen hei richteg zum Firschain). Waat awer och nach soll gesoot sin, ass dass, wann een eng Foto mëcht, an d'Beliichtungszäit ze laang gët, dann gët eng Foto verwackelt. Schmerzgrenz ass do ~ 1/20 Sekonn, do kritt een eng Foto nach schaarf, mee daat hängt emmer dofun oof, wéi roueg är Hand ass. |