Header
Assemblée Générale
(27.04.2017 - 16:15)
Eis AG ass lo schonn bëssen hier an et goufen eigentlech zwou wichteg Ännerungen: mier hunn e puer Changementer am Comité an mier hunn d'Statuten vereinfacht.

Am Comité huet lo den Oli den Presidentenposten iwwerholl, den John an d'Anouk bleiwen Vize an Trésorière, d'Catherine iwwerhëllt den Sekretärsposten vum Christian - deen austrëtt -, den Steve an den Bob bleiwen Memberen an den Alex trëtt an während den Laurent eis verléisst. Mier sichen awer weiderhinn nach no Leit déi eis hëllefen, wann een sech ugesprach fillt einfach bei eis mellen.

Wat d'Statuten ubelaangt hunn mer eis, ob den fachleschen Rot vum Alex hin, vir eng Rei Vereinfachungen decidéiert déi awer haaptsächlech administrativ Saachen betreffen. Weider Detailer heizou kommen deemnächst an enger separater Neiegkeet.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Paul-H 27.04.2017 - 17:19
Villmols Merci fir d'Info.
Ass irgendeng Ännerung betreffend d'Wochenfoto an Siicht?
Metalbambi 28.04.2017 - 10:38
Näischt Konkretes. Wéils du dann eppes änneren?
Paul-H 10.05.2017 - 14:03
Oops, haat net éier gesin dass de mir geentwert hues, sorry.
Jo, betr. Wochenfoto fällt jo awer op dass oft ganz wéineg Fotoen an der Oofstemmung sin, souguer wann och eng Retsch aaner ganz gudd Fotoen rop gelueden goufen. Mäin Virschlaag wir dass een vum Comité Samschdes owes kurz kukkt waat a wievill zur Ofstemmung steet an dann nach evtl. déi eng oder aaner bäisetzt. Einfach andeems en e klengen Kommentar drenner schreiwt an se dann an Oofstemmung "ran dreckt". Daat géif keng Ännerungen am script vum site verlaangen a wir dach mol en Ufank fir sou Situatiounen ze vermeiden, oder?
OK-Photography 29.05.2017 - 21:42
Klengt plausibel, an hunn ech mir, secher och net als eenzigen am Komité, sou virgeholl - allerdings, sinn ech Samstesowes eischter an der Natur ennerwee wéi beim PC - an dofir hunn mer den Knätonguepschen vun Ufank un PUBLIC gemaach, et lait also an jidfrengem senger Responsabilitéit Fotoen derbai ze klicken, an duerno oofzestemmen. closed_eye

Den Komité mecht sain Bescht den Site an Schoss ze haalen, ma mat der Arbecht am Fotoclub kommen net emmer all d'Wutzen zesummen (zwescht organiseiren vun Meetinger an Plënneraktiounen bleift d'Geklicks vun Wochenfotoen mol gären op der Streck closed_eye)
OK-Photography 28.04.2017 - 15:48
Am Kontext vun Wochenfotoen an aneren Punkten zum Site:

mir an eischter Linn een PHOTOCLUB, heescht mir kucken eis Energie op Organisatioun vun Aktiviteiten ronderem Fotografie ze organiseiren (aktuell eben d'Sich no engem neien Sall, an Comitémemberen déi d'Aktivitéiten oprecht erhaalen kenen).

et kent derbai dass mam Johny eisen Webdevelopper gaangen ass, an "Saachen wei d'Wochenfoto" an d'Kategorie Programmatioun faalen, an domat keen vun eis sech sou déif auskennt wéi néideg wier vir Scripts em ze schreiwen etc. - den Site ass een Support vir den Club (ouni Zweifel), an op laang Dauer geet et net ouni Programmeiren, duerch eng Persou déi sech mat soueppes auskennt.

An dem Senn ass et e bessi -tricky- den Site ze managen an glaichzaiteg ze gesinn dass sech "keen" vir den Club interesseiert. closed_eye

"Ännerungen" sinn eis emmer welkomm, wann d'Leit laanschtkommen, mat-diskuteiren an mer zesummen no Léisungen sichen kenen ass daat GENAU daat wat mer brauchen.
Allerdings (z.Bsp.) Online "am Forum ze schreiwen dass den Forum nix daacht", naja, ass eben net daat nemlecht... closed_eye
Aiello 05.05.2017 - 13:13
Um Site kann ech irch hellefen, misst en soulues och mol Max Greist beim upload vun engem Bild upassen, 1mb ass en bessen ze weinesch fannen ech