Thema: Kaafberodung: Kompakten "Superzoom" |
|
Hello léif Leit!
Ech wees, ech wees, eng kompakt Superzoom bitt nie eng Bildqualitéit, déi een an alle Beräicher zefridde stellt.
Mee dofir hunn ech jo meng 5D MkII mat déier ech ganz glécklech sinn.
Fir d'Rees, an déi spontan Schnappschëss, ass déi awer net déi komfortabelst Léisung, an dofir soll zur Ergänzung eng kompakt "Superzoom" an den Arsenal.
Wéi gesoot sinn ech en zefriddenen Canon-User, mee beim Liesen vu verschiddenen Tester am Internet, huet werder Canon, nach Nikon mech an deser Kategorie iwwerzeegen kënnen. Ech tendéieren do éischter zu Panasonic (TZ41), déi bal identesch mat der Leica V-Lux 40 ass, just am méi bëllegen, oder Sony (HX50). 300€ ass och de Präis den ech bereed wier auszeginn.
Ech wollt elo eben vun ierch wëssen, ob een vun ierch Erfahrungen mat enger ähnlecher Kamera konnt maachen, an/oder ob een mer kann en gudden Rood oder Tip ginn.
Villmols Merci am Viraus!
Fridden an Léift!
Chrisykris
|
|
Thema: Kann ee mer e Makro léinen w.e.g.? :) |
|
Schéine Gudde Moien!
Ech hunn d'Méiglechkeet en gudden Dia Duplikator geléint ze kréien, mat Hëllef vun dem ech verschiddenen Leit aus der Famill kéint en genialen, nostalgeschen Chrëschtkado kéint fabrizéieren. Ech bréicht awer dofir en Makro-Objektiv (min. 1:1) fir op meng Canon 5D Mark II.
Well ech awer guer keen Makro-Amateur sinn, bréicht ech dat Objektiv héchstens 2-3 Deeg.
Ass iergendeen vun ierch léiwe Leit bereet mir säin Makro (et muss och net den deiersten L-Modell sinn) fir 2-3 Deeg ze léinen, och gären géint eng Géigeleeschtung an mat Locatiounskontrakt
Léif Gréiss,
De Christophe
|
|
Thema: Foto.lu Printservice |
|
www.whitewall.de
Ech hat nach swer keng Gelegenheet do ze bestellen, mee ech hunn d'Prints privat bei engem Koleeg gesinn an och zu Diddeléng am CDMH hunn se scho Prints do an Optrag ginn fir hier Ausstellungen. Super Qualitéit.
Et ass allerdings och net geschenkt!
|
|
Thema: Triggertrap |
|
Ech hunn sou een säit e puer Wochen, hat awer nach leider keng Zäit en ze probéieren. Ech freeën mech dofir op d'Vakanz an den Alpen
|
|
Thema: Starlight - Timelapse Video |
|
Ech fannen en ass der ganz gutt gelongen, d'Musék passt an ech si ganz gespaant op den nächsten!
Keep up the good work!
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
...dat sinn natierlech Argumenter déi d'Saach ganz kloer maachen. Ech hat dat alles net mat a Betruecht geholl. Et léiert een all Dag bäi!
Merci dir 2!
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
Während ech gespaant sinn wéi eng Wäschlénkt op d'Resultat, wollt ech éichtens emol soen, dass et mir immens vill Spaass gemaach huet an ech d'Iddee wierklech genial fannen an mer kéint virstellen méi oft un sou eppes ze fréckelen.
Zweetens, wollt ech nofroen, ob et e speziellen Sënn huet, dass mer eng psd-datei weiderreechen?
Ech hu mech nämlech gefroot, ob et net méi einfach wier, an och méi dem Geescht vun dem Ganzen entspriechend, wann mer eng jpg-Datei all Kéiers weider géingen reechen. Well et soll jo u sech net drëm goen, un déi eenzel Layer vum Virgänger spillen ze goen, mee eppes ganz neies mat eran ze bréngen!? Dat géing an engems d'Weiderreechen u sech och méi einfach maachen, well d'Gréisst vun der Datei em sou munches méi kleng wier.
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
de mueren hunn ech et un den Paul-W weidergeschéckt, dierft also net méi allzelaang daueren.
|
|
Thema: Photoshop Projet VI |
|
Ech sinn zwar e bluddegen Uffänger, mee ech fannen d'Iddi top, erënnert mech un d'Telefonspill wou ech e klengen Butz war
1. Metalbambi
2. GAGA
3. Alex
4. suraki
5. leheinen
6. chrisykris
|
|
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Also ech wëll dech wierklech net iwwerzeegen oder sou, ech proposéieren der just dir ee vu mengen Yongnuo ze léinen fir e puer Deeg. Vläit kenns du jo och een den dir en Nikon kann léinen an dann kanns de gutt vergläichen.
Ech hu meng zwee hei bestalt: http://stores.ebay.de/mekingequipment/yo...d=p4634.c0.m322
An hunn och schon aner Saachen do bestalt an war ëmmer zefridden.
Wat eben e Plus ass beim YN, falls de entfesselt wëls blëtzen, wann en der eemol fällt oder sou, kräichs de manner Suen no. An du kriss der eben 4 fir de Präis vun engem (reduzéierten) Nikon.
Mee bon, Nikon ass eben Nikon an dat bleift och esou
|
|
Thema: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Hello MM!
Hei ass wahrscheinlech eng gutt Äntfert op deng Fro an, wéi ech mengen, gutt Argumenter fir géint de Mythos unzekämpfen, dass alles wat bëlleg ass automatesch schlecht ass (och wann et meeschtens wierklech esou ass, awer d'Ausnahmen bestätegen d'Reegel...)
http://www.youtube.com/watch?v=RtFX3vveKHA&feature=g-user-u
Ech hunn den 565 I (2 Stèck) an fir manuell ze blëtzen sinn se perfekt. Mee bon, meng Erfahrung soll der keng Referenz sinn, well ech hunn nach net vill Zäit gehaat mech eran ze schaffen.
Hoffen ech konnt der hëllefen.
LG
Christophe
|
|
Thema: fir iPhone User interessant |
|
Salut Community...
Ech hunn iwwer Twitter en interessanten Artikel op Petapixel font, den dovu schwätzt, wisou a wéi een seng "Locations" katalogiséieren kann, déi een dann einfach kann ofruffen wann een eppes fir e Shooting sicht.
An dem Artikel get och eng iPhone App virgestalt, déi engem dobäi hëlleft Locations ze katalogiséieren an mat aneren User aus der Emgéigend ze sharen.
D'App heescht LocalShoot. Leider get et hei fir Lëtzebuerg an Groussregioun nach keen Eintrag. Schued... Vläicht sinn der ënnert Ierch déi dat wéilten e bëssen opbauen. Ech wier dobäi...
Hei nach de Link zu der App:
http://shootlocalapp.com
An zum Artikel:
http://www.petapixel.com/2012/06/04/keep...-and-backdrops/
LG
Christophe
|
|
Thema: Speed Foto Concours |
|
Kléngt ganz interessant!
Bréicht een dann fir d'Léinen vun der Lomo näicht ze bezuelen? Vu wem kritt een déi dann?
Ech wier interesséiert, a gespaant méi Detailer gewuer ze ginn, falls et sech konkretiséiert.
MbG
Christophe
|
|
Thema: Fotocoursen |
|
Hola Community!!!
Ech sinn absolutten Amateur, mee en ambitionnéierten. Ech hunn nach en aneren, "Hobby" (méi am Beräich Equippesport) den relativ zäitopwendeg ass, mee bei dem ech an noer Zukunft Wëlles hunn d'Schong un den Nool ze hänken. Dann ass iergendwann Nowues geplangt a spéidstens dann wëll ech en gudden bis ganz gudden Amateur sinn
Literatur hunn ech schon genug verschlongen an ech mengen d'Basics kennen ech lo relativ all.
U wat et mer feelt ass un e bëssen besseren Objektiver an un engem Mentor den mer d'Praxis e bësse méi no ka bréngen.
Kënt dir mech u Leit verweisen, déi Coursen haalen? Vläicht e bëssen méi spezifescher, an net nëmmen d'Basics?
Merci alt fir är Hëllef!!!
Christophe
|
|
|