Supert Stëmmungsbild do dran. D'Athmosphär an d'Technik spillen gudd Hand an Hand. Déi lescht Foto schéngt mer awer net sou richteg an d'Série ze passen. Dass eng dobäi as op der et net reent as net den Problem, 't as éischter dass d'Luucht, d'Faarwen an d'Stëmmung net méi do sin.
Nach eng Fro, wat as HMI? Eng Mark vun Luuchten?
villmools Merci! Ech hat nach eng ganz rëtsch Fotoe wei déi lescht, mäe wor ebe limitéiert op déi 5 Photoen.
Ech kommen eigentlech aus dem Film an hunn säit menger Lycée Zéit kee Fotoshooting méi gemaach. Dofir gouf bei dësem Shoot keng Blitzer benotzt (ech hunn keng ). Fir awer de Punsh ze kréien deen ech wollt, hunn ech ganz staark Luuchte gebraucht. Déi HMI (Hydrargyrum medium-arc iodide) ass een Dagesliicht mat 2500Watt bei 92 Lume pro Watt (géint Haloge ca 18Lume pro Watt) ass se also en gutt Stéck méi hell wei eng 10 000 Watt Halogen .
Wow, schéin! Mäi Favorit ass déi drett Foto, déi zweet gefällt mer awer och ganz gutt! Déi éischt Foto géing mer usech och gefaalen wann d'Aan e bessen besser ze erkennen wieren (ouni déi Dreppsen) an wann d'Hoer uewen net sou iwwerbeliicht wieren. Trotz allem awer eng immens flott Serie, wierklech schéin ze kucken!