E Bild vun der Philharmonie vu gëschter am Reen.
D'Drëpse sinn an enger separater Ebene nodréiglech dragesat.
D'Bild kritt doduerch en hyperrealisteschen Effekt.
Et ass en Experiment an ech si gespaant op d'Kritiken.
ebch fannen dain Experiment gelongen, gefällt mir extrem gudd sou gudd vun der Luucht hir wéi matt dem Effet vun den Drësen, fir mech eng genial Opnahm vun der Philharmonie
mier gefällt den Androck deen entsteht, dass den Beobachter trotz dem schlechtem Wieder geschützt, hannert enger Fenster bei eventuel enger waarmer Taass Kaffi oder soss engem gemittlechen Patt setzt.
Merci fir däi Kommentar.
Am Fong ass e ganz treffend: D'Bild ass schaarf vu den Drësen bis zum Hannergrond, eppes wat d'An ( an och eng Kamera ) net esou hikritt. Dofir den Androck vu méi präzis wéi d'Realtéit. Dat wollt ech mat "hyperrealistesch" soen.