Alt nach eng vun der Philharmonie,mee daat Gebei ass einfach schéin.
Ass meng éichte Photo déi ech hei oplueden,Kommentaren sin selbstverständlech wöllkomm,souwuehl positif ewei negatif...
Majo da mol wëllkomm hei an vill Spaass vu menger Säit
Also d'Foto fannen ech nawell gutt ginn, déi Perspektiv ass tiptop esou. et ass och gutt menger Meenung noo dass Wolléken um Himmel waren an dass en net einfach gnaz bloo war. Just froen ech mech wisou ISO 400? Du haas 1/500s Beliichtung, do häss de mam ISO awer nach wäit kënnen roofgoen.
Ganz denger Meenung.Haat leider fir déi Opnahme firdrun ISO 400 gebraucht an du vergiess nees zereck op ISO 100 ze setzen
Typechen Ufängerfehler, dee mer duerno och bei der Vergréisserung op 40x60 zum Verhängniss gin ass.
War se nach emol extra nei knipsen, des Kéier mat ISO 100,mee leider waren Wiederverhältnisser net déi selwecht ,an eben déi vun dir erwähnten Wolleken waren net do,waat effektif vill ausmecht.Sou hun ech schlussendlech dös awer beibehaal.
Ah sou jo ok, verständlech, daat ass mer och scho geschitt mam ISO, do misst Canon ENDLECH mol eppes maachen dass een den agestalltne Wärt emmer am Sucher gesäit...
Mee bon schued dass dun déi aaner Kéier d'Wieder aanescht war. Mee d'Foto ass awer lo net schlecht just wéinst dem 400 ISO Huet mech just eben gewonnert.
Nees ganz denger Meenung.
Elo bei der 30D kann een den ISO zwar uweise loosen am Sucher,mee alt nees nömmen iwer en Zousaatzknäpchen a net permanent..Ausserdem ass d'Hellegkeet vun deenen grengen Zifferen am Sucher menger Meenung no net grouss genuch a bei vill Liicht schlecht ofzeliesen.
Jo dee gëtt nemmen ugewisen wann een en wiessele wëll ... Bei denen décken Modeller (1D asw) do gëtt den ISO permanent ugewisen . naja sou vill Arbecht wir daat jo secher net fir daat och bei 30D & co. anzebauen.
An jo do hues de och Recht, demno wéi d'Luut ass erkennt een daat guer net. Mee bon, et kann een eben net grad alles hunn am Liewen.