hmm...wien mecht eis dann lo d'Ennerscheedung mat der TROMPETENflechte? (Cladonia fimbriata) - dei gesinn sech neemlech op den eischten Bleck 100% ähnlech an ech fir main Deel wees net wat, wat ass...
Flott festgehaalen mat der Dreps drop an den gemittlechen Faarwen am Bokeh...
Merci Oli
Ech mengen deen eenzegen
Ënnerscheed deen zwëschen deenen zwou
Zorten Flechten besteet ass deen dass Becherflechten
um Rand vun hierem Becher ganz kléng ronn brongfaarweg Pilzen hun och nach Pyknidien genannt.
hehe merci fir den Hinweis!
hat mech do och schon derduerchgewullt, mee d'Literatur ass rare an ech sinn zur Conclusioun komm dass béid Zorten hier Sporen enner der Form vun Pyknidien um Bord virweisen - wat allerdings bei der fimbriata méi rare ass (hmm doropshin kann een wuel dovun ausgoen dass déi meescht mat brongen Punkten zu den Pyxidata gehéiren!)
doropshin wärt ech meng Flechtensammlung wuel nach enka nai sortéiren mussen.......