scheenial!
gesait iergendswei ausserirdisch aus mat denen saugnäf...
bas du do derduesch gaang?gesait op allefall nik no engem spazeierwee aus...
wei emma eng super naturfoto fun der!
Jo, do sin ech duerchgaang, d'Foto ass entstaan um Wee fir rëm raus. Kuerz hannert mer vun der do Perspektiv aus sin ech net méi weiderkomm, do war een Oofsaatz vun vlaicht 2 Meter deen ech net erop komm sin (an eroofkommen ass och esou eng Saach, well een ganz séier kann hänken bleiwen an sech de Fouss verstauchen). Firdrunner haat ech schon mol missten "chimneying" machen, well d'Wand ennen beim Buedem esou schmuel war dass ech net duerchkomm wier.
holla...rieschtech expeditiven trip also...klengt op allefall dekk kuhl!
USA stung asich bis lo nik op menger wonschlecht...mee wans du feddisch bas...
... pourtant j'ai beau secouer mes manches ... il n'en sort aucune photo potable ...
mais il vrai aussi que je n'arriverai jamais à jouer dans la cour des grands, non plus ... et oui ! ... on l'a ou ne l'a pas !! ...
Obwuel, d'Saach mat der Sonn an engem Slot-Canyon ass dass een dann ganz séier méi eng grouss Dynamic Range krit wéi den Fotoapparat handhaben kann - an en also iwwerexposéiert.
(Déi Hellegkeet um ënn vun der Foto ass nach emmer indirekt Liicht.)
Daat schéngt eng Art "Moqui Marble" (http://www.rocksandminerals.com/specimens/moqui.htm) ze sin, ausser dass en halt am Steen dran ass, an net esou rondrem leit (deer hun ech och leider keng gesin).
Am Ufank ass en nach bessen méi breet, mee get ganz séier schmuel. Eigentlech net ze vergleichen mam Antelope, deen ass bei weitem méi grouss an méi laang.
zepraen, antiloopen...wien kann do schons den Duerchbleck bhaalen.....LooooL p
mengn den Antelope Canyon as den -phototechnech- am bekanntesten...huet iergendswei nach op ALL Foto wou ech gesin hun immens Faarwen....
(sei denn se hetten puer Spoten odersou do installeiert....)
Daat stemmt, den Upper ass mengen ech de bekanntesten, dann kennt de Lower... mee daat ass wuel och well d'Parkplaatzen fir beid praktesch direkt nieft dem Highway leien. Bei vill aner Slot Canyons muss een fir d'éicht laang Meilen iwert Dirt Roads fueren, dann oft wessen bei wéi engem Wash een muss haalen bleiwen (baal nie bescheldert) an dann nach deelweis meileweit zu Fouss goën, an duerno oft nach klooteren kennen...
... do sin schon vill Photographen net méi esou begeeschtert wann et heescht (a) hieren Auto knaschteg oder vlait futti machen, (b) hiert Geschiir kilometerweit duercht d'Wüst ze schleefen an (c) ze wessen dass wann engem eppes geschit wuel keen an der Geigend ass fir ze hellefen.
Ass emmer relativ, daat mat der Geféierlechkeet. D'Diddelenger Autobunn ass och geféierlech, déi fiert awer jidfereen ouni sech Gedanken ze machen. Hänkt emmer vun der Perspektif oof.
Also deen hei Slot Canyon ass net esou extrem grouss, op der hei Foto haat ech den Apparat op engem Stativ (also vlait 1.5m - 2m vum buedem). D'Wänn sin op Kierperhéicht circa 1m auserneen, manner no ennen, do geht et deelweis mol net duer den Fouss riicht opzesetzen. (Stativ kann een also net ganz opstellen).
Effektiv ... gesäit schon vill manner geféierlech aus ...
à propos geféierlech ... mir soen ëmmer ... déi meescht Leit stierwen am Bett, an awer klammen mir all Daag erëm dran ...
ech haat mir daat villllllllllllllll méi rieseg virgestallt ... esou wéi wann d'Mënschen wéi Minipunkten dran wieren ...
- bei schlechtem Wieder kann mol vill Wasser beieneen kommen
- Emknëcksen
- Widert en lousen Steen kommen an dann ageklemmt gin
- Gëfteg Schlaangen
- Net genuch Wasser drénken an dehydratéieren
- Sech an der Wüst verlaafen an den Wee zréck bei den Auto net fannen
Mee wann ee bessen firbereed ass, dann ass daat alles net méi geféierlech wéi hei zu Lëtzebueg an d'Stadt fueren. Just bessen méi flott.
Also sin lo keen Expert an Geologie, mee d'Farwen am Zebra sin ganz anescht - am Antelope ass alles eng Farw, an den Fiels ass och komplett gleichméisseg.
An beim Lower Antelope kann een quasi virun der Entree parken, hei muss een schon 2 Meilen dohinner wanderen an dann och nach genee wessen wou en ass, well bescheldert ass dee Wee net... ass also eppes ganz anescht, schon nemmen well een am Antelope wuel nie wierklech eleng ass.