Verdammt Gilles... fierwaat hues de net un dain tripod geduecht!! Ech well gaeren eng riicht, 0.8.15 foto gesin! Ech well mainstream!! And we both know, it ain't some mainstream sh**. I simply adore, love your shots. Great eye!
Ech wolt do och fotoen maachen um meeting wou deen stuerm do war. Mee do huet mech eischtens dei baustell generft, an et wor zevill reen... Du hues chance, an wunns noo bei (nja... noo bei as relativ fier een deen aus lux kennt ), mee du hues deng chance ausgenotzt, an weis eis erem dain kennen, wei een mat den objektiver hanteiert.
Dei onnatierlech optesch krümmung vun den 2 halterungen vun der breck, plus den fishey effect wei dei onrouh duercht laangbeliichtung, brengen eng gudd city nightlife stemmung riwer... natierlech wir et mei flott, och wan et technesch onmeiglech ass, stäeren op der foto nach ze gesin. Mee doofier gin et jo programmer...
Haett eent faarwen net na mei keinten pushen am mier vun den luuchten selwer? oder mat kontrast vllt bessen? Daat groot vun der tower bridge brengen awer eng liicht fade teinung eran.
Jo ech kann d'Saturatioun mengen ech nach en bëssen ropschrauwen. Merci. 't as zwar keen Fisheye mee den 17-55mm. Den Effekt kënnt duerch d'Manéier wéi den Panorama duerch déi schief Opstellung verzun get.
Merci fir den Feedback alleguer. Ech hun eng nei verschafften Verisoun an voller Opléisung (13519x3946) op mäin Site gesaat: http://gloda.net/20081230-london.
Hun mer d'Foto lo nach mol op denger Sait ugekuckt .. mir feelen einfach d'Wieder! E genoss, einfach BOMBASTESCH !
Supper Arbescht, propper, gutt beliicht, dass se su verzunn ass, ass och PERFEKT! Neischt ze meckren.