Extras: Stativ bei deenen éischten 3, an all Kéier Aperture fir d' Faarwen, Kontrast & Vignette.
Fir anzesetzen: [pg_img=37332]
Kommentar vum Fotograf:
D' Fotoen vun haut den Owend. War net ganz einfach, zemols well déi Fënster wou mer dra stungen bëssen ze enk war :)
Op der läschter Foto gesäit een de Jona an d' Lydie.
Wann ech dir gesoot hun dass ech geif "mengen" di Letzt geif mir am Beste gefaalen, dann heescht dat dass ech Schwierigkeeten haat mech ze decideieren. Fir dir ze weisen dass ech mir genuch Gedanke gemaach hun , schreiwen ech dir mol d Chronologie vu mengen Gedanken hei hin:
1. "Wow" super.
2. Schued dass do deen Damp ass.
3. Kee (Freede)Feier ouni Damp.
4. Gottseidank war deen Damp do well soss waer deen Deel irrecuperabel iwerbeliicht,
5. an den Tuurm vun der Spuerkees waer net esou schein.
6. De Public, exzellent an Szen gesaat, ass den Highlight vun deser Foto.
7. An den 2. Highlight ass de Kadrage an deem souguer d Kranen, durch de Fisheye gebeit, dra passen.
Des Remarquen gellen fir di eischt 3 Fotoen. Des sin, am Fong geholl, e scheine Reportage deen d Ambiance vun deem Owend ennerstreicht. Ech richen dat Feier. Mais bei daer 4. ass eng Geschicht hannendrun an de Fuerwetz gett gesteppelt. An duerfir gefaellt di 4. mir am Besten.
Hahaha......nëmmen well tonnen sou Fotoen keinten kommen, muss de deng dach net langweilech nennen!!
Insgesamt eng richteg cool Serie. Mer gefaalen 2 an 3 am beschten. Stëmmungsmeisseg, fuerwenmeisseg an d'Leit bei 3.
voilà.