schéinen detail an der holzmaserung, hues de do nët e bëssen lensflare an der mëtt (ech muss dech jo lo stëpelen)? den punkt irritéiert mëch e bëssen well main aan direkt drop gelenkt gët
Ben ech haat dir dei selwescht remarque geméét , an och ewei du hunn ech et net proper eraus kritt... ech mengen déé contre jour ass schweier ze controlleiren ... keng solutioun fir daat...
Merci so... fennste se nett e bessen ze hell? wei ech dem xaph gesoot hunn , ass dé Flare immens schweier eraus ze kreien an et steiert e bessen ... de contrejour ? ass meiglesch mamm HDR méé nett mamm 12-24 méé mamm 16-35 ; donaden hunn dei problemer vill manner
Et ass e bessi gepiddels, awer et kritt een en Flare och eraus. Do benotzen ech déi Technik déi ech och bei Blooming benotzen. De Faarwstach (hei blo) vum Flare verbesseren ech mam Color Replacement Tool an dann probéieren ech just nach déi Platz e bessi oofzedonklen (meschtens mam Burn).
...ze hell? Hmm, vieleicht Platzenweis, awer daat kennt durch den starken Kontrast. Wanns du oofdonkels gin d'Schieter verluer. An wanns du just déi hell Platzen oofdonkels, färten ech, dann verléiert se un déift an get e bessi flach.
Ech wollt daat mat dei selweschter Method maachen dei du proposeiers méé ech woar bestemmt net a OFrme an et ass Bulli dobai erauskomm.
Effectivement, beim ofdonkelen vun just dei Hell dann get et eng platt Foto déi mir nett méi gefallt... Ech muss awer soen dat d' Print Versioun nett schlecht ass.
Jo .. matt Farwen Kontrast ze schaffen nu jéé daat get neischt et ass vun sech aus schon eng "monotone" Ambiance.
an mei enger heischer obleisung hätt ech besser fonnt, well elo net weider vill detailer dran sin (zB hannen kräp fier Jacketten geseit een et besonneg gudd )
d'farwen an bleckwenkel fannen ech sin gudd gewielt
Wei mei eng heisch opleisung? f9, 21 Mio Pixelen ... dei neischt zielen méé awer e bessen eppes ausmaachen bei dei fein detailer...
Keinst du mir besser deng fro erklaren
D'Architektur vun deem Gëbäi faszinéiert. Ass dat klasséiert ? A ween war dën Architekt ? Deng an di aaner Fotoën vun där aaler Uni ënnersträichen dës Architektur, a weisen interessant Détailer: zb e Parquet am Schoulsall !!
Super Foto.
Jo dess Foto ass e bessen ze staark entseckelt méé ech mengen daat al nei Serie brauch Zait bis één versteet ewei een se well maachen... Villeicht e bessen méi douce wàr besser gewiecht. Mé ech mengen daat d'Luucht ze stark woar esuerguer fir één HDR déén awwr d?dynamik net méi ewei 2-3 IL erop setzut vis à vis von enger normaler Foto . De contrjour gett nett verbessert vum HDR wann dess keier d'Luucht ze stark ass... villeicht met engem 16-35 wàr besser gewiecht
Ben bestemmt vill méé daat ass Holz dé kéé spàrholz ass ... et ass aalen Escheholz dé op manst 10 Joer gedreschent ass an daat hescht wirklech haart. En plus do richtet nach no Wuess mat déém d'Holz gebotzt ginn ass
Daat ass meiglesch méé dei ass wirklech nett einfach an et ass meiglesch daat ech nach nett esou d'Sensibiliteit hunn fir dess Location ... méé et geet schon besser mat den nàchsten... Ech maachen eng aaner Versioun
Flott kompo, super linien an dee bueden...herlech... Den Lens flare an der mett géif ech eraus huelen. Bei der kompo froen Ech mech wann een matt enger hdr nach e bessi méi eraus kritt hätt...mä awer super foto schon esou
Ert ass eng HDR mnatt 6 expoen ... méé ewei gesoot ech haat meng krampessen mat dem flare an mett der Lucht ... ech muss nach eng keier do ru goen well dir ... ouni exzeptioun daat selwescht soot
ups...sorry wéinst dem HDR....Ech haat scho baal geduecht ...wou ech gezweiffelt hun waar um schiet lénks vum schaf, deen awer relativ donkel as mä normaal vu das esou vill luccht era kënnt...vergiess et einfach....d'foto gefällt mir. Wanns Du loscht hues dein HDR prozess ze beschreiwen....Ech fänken emmer matt enger mëtteler blend un (f13) an dann e puer erop an e puer erof, an piddelen fir dass all deel vun der foto perfekt beliicht as...wéi mëss du et?
Hoppla d'Blend muss ABSOLUT KONSTANT bleiwen!
Dann keint één en Autobracketing maachen mé am Manuellen gett alles méi Pràzis.
De King vum HDR Prozess ass jo Superbekannt elei am Land (cf Shantideva) ouni déénen aaneren eppes eweschzehuelen méé hien ass déén déén am mééschten Expérienz huet.
De Prozess an sech ass relativ einfach méé waat schweier ass de Prozess de dévelopment.
Waat wichtesch ass ass dass du d'Blend Konstant hàlst an just nemmen d'expo zaiten aennerst...
Du huess recct, ech hunn eng Shcarft fir de Web applizeiert an daat waar villeicht e bessen zefill. D'Print Versiounen maachen ech normalerweis esou scharf bis den Digitalen effekt ugeet ... an wann an hie an doo maachen ech och eng versioun mat engem ganz ganz liichten Glow