Konventionell analog Blëtzer (an dësem Fall Visatec Solo 1600B) gin vun der Kamera nët erkannt, an dofiir steht dann an den Exif Daten "No Flash"... ech huelen emol un dass daat bei Canon, Nikon, Olympus, Sony/Minolta och esou ass...
Haha wei wann d'foto keint nommachen Matt exif dateien... Ech fannen awer emmer intéressant wei ee choix de fotograaf gemaach huet fir dei situatioun, dofir hun ech bei deser komesch fond iso 100 matt esou eng kleng blend dobannen an ouni flash... Mein 50mm F1.4 kritt keen bild bannen bei iso 100 ouni bletz gemaach... Da misst ech iso 800, F1.4 an 1/60 fir eppes (waat dann nach net schaarf ass) ze kréien
Déi klassesch 1.4/50er, egal ob vu NiCanoPentaMinOly asw. sin optesch Rechnungen déi ëm déi 40 Joer um Bockel hun, an se hun all méi oder wéiniger ausgeprägten Schwächten bei oppener Blend, och wann se richteg fokusséieren, waat nët ëmmer garantéiert ass...