@ Maimonides an arwa: Merci dass der esou gudd a menger Plaatz geäntwert hut, besonnesch dem Armand säin Hiweis op déi Hummer Foto huet mech zum Laache bruecht... immens...
Dovun offgesin huet de Killer K nët ganz onrecht... vum Motiv hier ass se nët wierklech weltbewegend, mais domat stin ech nu wierklech nët alleng hei, an dem Fall soll awer zumindest Technik stëmmen... ;) 150 km/h
hehe, ebenfalls nach Geschier "...aus denger KGB-Zäit..?"
hun iwregens och nach een 90mm Schneider Super Angulon mat Compur Verschluss fir op meng Sinar, an ech wees net wâat ët besseres vun Optik um Marché géiw gin, ...ausser Rodenstock, ...vlaicht, an dann nach...?
..beim Dumont vum Cents "kënnt secherlech haut kee méi vun den Photogenisten" hâat ech mir virun ronn 20 Jôer eng russesch Kiev 88 mat engem 65mm Mir ausgeléint vir auszeprobéieren, an mat wesentlech méi deiren europäeschen Optiken ze verglaichen, mais wâat d'Qualitéit vun deenen deemôls "belächelten" Keschten ugeet kann ech nëmmen soen, ....RESPEKT..!!
... d'Kiev 88 war/ass leider nët ëmmer sou zouverléisslech wéi d'Hasselblad 1000F vun der së méi oder wéinier geknäipt ass, an déi haat och schon hir Macken, dofiir ass se jo och relativ schnell duerch d'500 C mat Zentralverschluss ersaat gin... d'Kiev 60 ass do vill méi problemlos, well méi einfach. Déi russesch Optiken sin effektiv oft exzellent, wanns de nët graad eng erwëschs déi schlampëg zesummegeschoustert ass...
Eng gutt Quell fiir optimiséiert a fiabiliséiert Kiev Kameraen ass hei: