Desi, wei aal bass de ? 9?
Daat do as tip top, mais e puer Froen hun ech...
- Mechs de eng Bearbeschtung un dengen Fotoen ?
- Mat waat schaffs de ?
- Wells de eis deng Fotoen just weisen (dei och weisenswert sin) oder wells de och Kritik an Verbesserungsfierschlei kreien ?
-jo ech hun 9 joer
-schaffe matt canon eos 600D
-ech hun ebessen kontrast bei gemach
-well verbeserungsfierschlei kreien muss nach vill üben
-kann awer och kritik verdroen
-machen ganz fill fotoen an ganz weinesch ginn gutt
-sichen een den matt mer op den tur geet den mech leiert fotoen machen.....
-dei wou net weisenswert sin kreien ech sowiso net op seit gesat ...
-kanns du mer waneschgelift helefen ??
Hues de dann Photoshop oder weieng Software benotz de ?
Ech well just wessen ops de net zevill enttäuscht bass wann een epes kritiseiert. Deng Fotoen sin gut, dei eicht rauscht just zevill, masi wann net vill Lucht as, dann as daat normal. Du kanns daat awer probeieren am Photoshop bei "Filter"-"Rauschen" - "Rauschen entfernen" e bessen ze corrigeieren.
Wanns de elo Gimp benotz oder en aaneren Program, da wees ech net wei een et mecht