Do heuste Rescht, an awa ass Carmargue an mengen Aaen mei schweier ze fotografeieren ewei elo eng Saffari am Kenia, wouste op 5 m virun de Sujet gefouert gess.., dofir chapeau vir deng Biller hei !
Ech gesinn d'Camarque huet sech renteiert. Virun 4 Meint hun mer nach dovun geschwaat fir de Beienfriesser ze knipsen an elo ass et geschitt. Flott festgehaal.
Et woar einfach herrlech! Ech hat d'Chance dass se do an den Wiessen gebriet hunn .. Den läschten Daag wosst ech vun 5 verschidden Colonien wëll se sinn ëmmer zesummen an fléein nët wéit
Super hues de deen dooten erwescht, immens....do brauch een e bessi gedold... Hun mech als eicht gefroot op den holzenen Poteau an der Foto géing stéieren mee op de 2ten Bléck fannen ech daat emool net.
Gleew mer ët .. ech mech och .. mais wann ech ën erausstempelen verléiert d'Bild un Gléichgewiecht an riets ënnen ass zevill eidel. D'Alternativ ass dann ee Carré an dat huet mer och nët gefall. Merci gesoot
De Cadrage passt fir mech och esou ganz gutt, am Carré ouni dat Holtz géing eppes fehlen...awer Fro hunn ech mer am Ufank och gestallt. Een genoss ze kucken !!
jo gëll, ech hat och ee puer Varianten duerchprobéiert an schlussendlech huet den Poteau ëmmer am beschten dran gepasst ... wahrscheinlech och wëll soss den Droht zevill an der Loft wier obwuel ën och elo néierens fest ass.
Deng Varianten kennen ech elo net. Mä de Poteau Längt net of . Fëllt just deen eidelen Raum aus. An well en net schaarf ass. Passt dat fir mech ganz gutt. Dass schéin dass de se esou weis...well ech hunn oft Problemer mat esou Klengegkeeten. An't Fotoen net well weisen...Mëscht Mutt Merci Schluck!!
Ech wees net waat e Beiefresser as, mais eng deck Schnëss huet en emol !
Flott daat do, och mat deem klengen Stamm deen t'Bild do ennen nach e bessen opfellt. gefällt mier.