Déi Laangzäit-SW-Architektur-Opnahmen ( wéi z. Bsp. vum gtaddei1 ) gefale mit immens gutt an ech hunn hei mol eng éischte Kéier selwer probéiert.
Verbesserungsvirschléi si wëllkomm!
D'Gebai steet um Kierchbierg.
Firwaat am SW an an der LB? ... Des ass villeicht dei 1 scht Fro... Dourno... Wei brengen ech faerdesch daat duerzesrtellen ... dh de Firwaat... An dourno faengt eng Recherche un... an daat andescht mat enger SW recherche vun der Luucht , Linnen , Schieter ... asw asw ...
Deng Foto... sou gesäis du et ... ech aneschters ... mé daat ass egal... Do ass net ze kritiseieren just nemmen ze kucken op se Gefiller evokeiert (ewei al Foto am Fong) ...
Ech fannen daat gudd daat der e puer desen Stil Probeiren
Genau: Scho bei der Opnahm muss een eng graff Iddi am Kapp hunn, wat duerno entstoe soll. De Posttraitement ass e Spill mat Liicht a Schied, mat geometreschen Elementer ... ganz faszinant an intensiv ( och zäitintensiv ) , mat dem Ziel Spannung an domat Gefiller ervirzeruffen. ( E bësse wéi d'Aarbecht vun engem Komponist. )
Du hues mech ugereegt et emol ze probéieren an ech si frou datt mäi Versuch der e Fav. wäert ass!
eng flott Deurstellung, gefällt mir, Schwarztein eventuell am Himmelbereich kinten en Tick mei Säfteg, Donkel sen..
fannen och flott dasste dei Persoun neens bei deiers Du Desch inspireiert heus , annerer hei kopeieren Stiller op eng beleg Art a Weis an sen net kapabel ze soen wouse sech Inspiereiert hun..an dat ass eppes wat net geht..
awa Dain Bild ass d' Exempel dass et och annecht geht, dofir Bravo
Merci ornitho, fir de Kommentar an deng Ureegungen.
Dem gtaddei1 seng Biller hu mech motivéiert, et och emol ze probéieren. Op anere Site ( z. Bsp.: www.1x.com ) fënnt een nach vill exzellent Beispiller zu dësem Stil. Leider ass een am Choix vun de Sujeten hei zu Lëtzbuerg limitéiert. Op jidde Fall ass et ganz spannend an derwäert sech dermat ze befaassen!
Du hues do eng schéin Déift mat deen reproduzéierenden Spigelungen an ouni Objektivkorrecktur an't Bild eran kritt, mat de Korrekturen hätt Bild seng Déiftenwierkung verloun! Schäerft an't bea am SW ass iergendwéi kloer an't Bild doduerch richteg Present, net iwwerdriwwen beaarbecht! Et rascht och net. Also fir mech eng gelongen Laangzäitopnahm!
Merci Conley, fir deng genau Analys.
Ouni stierzend Linnen hätt d'Gebai steif ewéi en Zaldot do gestanen.
Ech hu mech iwwert däi positive Kommentar an däi Fav. gefreet!