Gesäit beandrockend aus! Wow!
200 Opnamen an engem Bild?! Iergendwéi schwéier sech virzestellen! Géif gären nach e bësse méi genau wëssen, wéis de hei geschafft hues.
een décken merci !!
ma wann ech lo z.B. eng eenzel Foto vun 2h gemaach hätt, wieren souvill Fligeren duerch t Bild geflunn, dass een lauter aner sträifen dran gehat hätt, déi an dësem Fall extrem gestéiert hätten.
an wat Stéierungen ugeet insgesamt.
Dofir haat ech 200 Fotoen gemaach mat enger Beliichtungszäit vun 30s.
hunn dunn an all Foto wou een Fliger dran war den Fliger raus retuschéiert(sou ass et méi einfach wéi dono), an all t Biller dono mat hëllef vun StarstaX zesummegeluecht
Ass gutt ginn, mat flotten Linnen an den Stäeren an enger passender Téinung. Just schued dat den Bierg sou onschäerf ass. Wéi hues de deen dran gesat, als eenzelt Bild oder och aus all den Biller verreschent?
Merci !!
jo haat t Bild direkt aus dem Programm geholl, an denken dass do och déi onschärft hierkënnt (duerch t iwwerdeneenleeën..) :/ haat se an der Vakanz um klengen Bildschierm beaarbecht, do war mer daat net sou direkt opgefall, lo wou ech se um groussen gesinn hunn, hunn ech et direkt geännert.
haat eng vun der Serie geholl an den Bierg dofun virdrun gesaat. Lo ass se schaarf, leider kann ech se bei Photogen lo net méi änneren, well se zur Wochenfoto gewielt ginn ass.
an ass och domm se als nei Foto eropzelueden :/
D´Schäerft ass jo schonn ugeschwat ginn. Mech steiert awer an dengem Bild Linnen di net realistesch sinn. Stären sinn nëmmen duerch Rotatioun am Krees ze gesinn. Hei lafen Linnen awer am ieweschten deel vum Bild, an eng aner Richtung. Ech kennen de Programm. Hei ass leider eppes scheif gaang!