Virun 22 Joer nach mat der 4x5 Inch Groussbildkamera um Gletscher beim Allalinhorn ennerwee. Inspiréiert vum Georges sengen herrlechen analogen Opnahmen hun ech einfach emol eppes probéiert. Vu dat ech kee Scanner hun, awer no engem Reportage vum Roberto Casaveccia am "fine art printer 4/2018" wou een als Alternativ den original Negativ och kann offotograféieren an duerno am PS muss emwandelen hun ech dat emol als Test probéiert. Ech hun och kee Liichtpult an dowéinst improviséiert, an als Liichtquell mäin Faarwkapp vu mengem
OMEGA 5x7 Inch Vergréisserer, ee Super Chromega E Dichroic II benotzt. Bon, déi Onmass vun Tounwärter, Detailer a virun allem d'Schärft déi an esou engem 4x5 Inch Negativ stiéchen sin iwwer dëse Wee an ouni professionelle Scanner onméiglech ze vermëttelen, en Essai war et fir mech perséinlech trotzdeem wärt.