Ech war faszinéiert hei vum Liicht, zemools vum schnelle Wiessel, eng hallef Stonn virdrun lung nach alles an der Sonn.
Fir den Androck vu Keelt nach besser ze vermëttelen hun ech d'Faarwen minimal desaturéiert
Et freet mech wann d'Bild gefällt, dofir Merci gesot, an och fir de Link
Dat ass an de Bierger ëmmer phänomenal, wéi d'Liicht, an domadder d'Farwen séch ännere kënnen a kiirzester Zäit. Gëschter Owend hun ech op UshuaiaTV am Replay ee Reportage iwwert Gletscheren a Patagonie gesin, do war et och esou mat Wiederchangementer vun enger Sekonn op di aaner. An di gefilmte Biller ware schon impressionnant. Da wéilt ech gär wësse, wéi dat réischt a Wirkléchkeet ass...
Ech hun selwer och nach keng esou eenzeg Situatioun erlieft. Wéi d'Sonn bis verschwonnen war huet D'Liicht och schlagaarteg geännert, ..fotografesch zum Positiven.
En plus war ech enorm doriwwer erstaunt wéi séier de Riffelsei innerhalb vu kierzter Zäit zougefruer ass, dëst Bild hun ech ronn eng Stonn virdrun opgeholl, an déif ënnen gesäit een Uewerfläch vum Riffelséi nach ganz ouni Unzeechen vun Äis.
Merci villmools Georges, fir deng Appreciatioun