An durch dee gléckléchen Zoufall vun der "cavicie naissante" beim Mann, ass den Haaptsujet net ganz a schwarz, an dee wäisse Punkt op séngem Kapp stell ee bezuch zu der heller trap an zu de Luuchtepunkten am Tunnel hier. Alles dat hun ech irgendwéi schon intuitiv gesi, wéi ech do laanscht koum an dee Mann ganz alleng do Trap rofgaaangen ass. Ech hu just misse warde, bis en op deem idealen treppléck war fir auszeléisen.
Wa méi Kontrast, dann awer selektiv mat verschidde Beräicher maskéiert, well soss ass d'Foto méi schwéier ze liese, well da verschidde beräicher am schwarze Vide ënnergin. Wéi's du sees: affaire de goût. Merci fir de Kommentar.
Allméiglech Formen a Linnen, näischt riicht gezunn a verschéinert, ..''Street pur'', ..dofir awer den Haaptsujet am gëllene Schnëtt.
S/W war och hei dee richtege Choix.