Komesch, datt hei nach keen eppes geschriwwen huet...
Dobei huet di Foto hei dach alles, fir datt een se luewe kann.
D'Kontraster am Schwarzwäiss si richteg gudd, d'Metall (d'Scheppen) am Hellen an de Mënsch am Däischtergroen bilden ee stëmmegen an novollzéibare Kontrast.
De Spot vum Schweessen äit am gëllene Schnëttpunkt, resp. op engem Schnëttpunkt vum "Drëttelraster".
An dann ass do d'Bléckféierung iwwert d'Diagonal vun de "Biggele" vun der Schepp, déi een op d'Fënster am Helm zitt; dann deelt séch de Bléck: duerch de "Bockel" vum Schweesser no lénks bei di hënnescht Schepp, déi een no lénks uewen aus der Foto rauszitt,
an iwwert den lénksen Arm vum Schweesser a séng Hand op de Point Of Interest, do wou geschweesst gëtt,
duerno iwwert d'Kant vun der Schepp op de Fouss vum Schweesser an d'Donkelt an no riets ënnen eraus aus der Foto.
Och wann di fotograféiert Aktioun do eigentléch net vill Bewegung viraussetzt, ass dat hei fir méng Begrëffer eng ganz dynamesch Foto.