Flotten Effekt, déi LZB mat Filé. An dat ouni Grofilter? An dann de STär durch di schmuel Blend. A mat deem Schwäif gesäit d'Sonn aus wéi ee Koméit. Mir gefällt dat doten.
Just mécht däin Objektiv ee liichte konkave "Vignettage" un de Borden. Engersäits zitt et méch an d'Bild eran op de Goldreen am Zentrum, awer aanerersäits stéiert et méch liicht, well "onnatiirléch" wierkt.
Mais summa summarum awer eng Topfoto, mol eppes Neies hei um Site.
Villmools Merci fir den ausféierlechen Kommentar.
Et ass net d'Objektiv sondern ech hun tatsächlech selwer eng Vignette drop gemaach. Eben fir dass een an d'Bild eran gezun gett, mee vleicht hun ech iwerdriwen dermatt ?
Dann ass et gutt. Ech hun nämléch gefaart, du häss do ee problematescht Objektiv. Dat wier nämléch blöd. Wéi eng Generatioun vu 24-120 ass dat dann? Deen, deen ech och hun, dee mat der variabler Blend, oder dee rezente mat der Fixblend 4?
Variabel Blend, deen war als Kitobjektiv mat bei der D750 derbäi an leescht mir gudd Dengschter. 24-120 kann een oft asetzen, siew et fir Landschaftsfotoen oder och fir Noopnahmen. Ok fir e gudden Makro gett et wuel besseres mee daat ass net grad meng Spezialitéit.
Hei wir eng fix Blend 4 net ze gebrauchen gewiescht, dann hätt ech den ND Filter missen vill méi oofdonkelen. Sou haat ech den Virdeel dass den AF nach e bessen eppes gesin huet an ech hun net missen hin an hier sprangen teschent scharf stellen, MF an den ND Filter rem ofdonkelen. Waat emmer rem kriddelech ass.
Ech mengen, ech hu méch falsch ausgedréckt. Mat Fixblend hun ech net gemengt, datt dat d Objektiv just Blend 4 géing opmaachen, mais datt d Offenblende iwwert di ganz Plage vu 24-120mm bei 4 bleift. A mat variabler Blend hat ech gemengt, datt d Offenblende bei 24mm 3.5 ass a bei 120mm 5,6, sou wéi bei méngem aalen Objektiv. Awer fir de Rescht kann een natiirléch bis 22 no an no zoumaachen.
Do hu mir lo laanschterneen geschwaat. Ech hun mech alt gewonnert firwaat eng Objektiv eng fest Blend soll hun. Ech hun den Begreff Fixblend falsch interpretéiert.
Also mäin Objektiv geet mat Blend 4 iwer déi ganz Plage vun 24 bis 120mm.