Interessant Iddi, awer irgendwéi hun ech d'Gefill, wéi wann d'Bildkompositioun nit ganz duerchduecht wier. Ok, sou Saache maachen ech och, an da froen ech méch duerno ëmmer, wat mir dann duerch de Kapp gaangen ass, wéi ech geknipst hun. Ech weess also, wouvunner ech schwätzen. Konkret elo: Wat mécht deen Hücoco Roude Kapp do um Capot vun der Corvette. Ass et just fir de "Le Rouge et le Noir"? Hmmm?
Keng Angscht, ech weess d'Ursaach: Pininfarina. Mais wanns du wolls suggéréieren, datt dee Stardesigner den Amis ee vill méi schéinen, eleganten design fir hiert "Schëff" geliwwert huet, wéi sénge Compatriotes fir deenen hiere "Biddi", wier dann nit ee méi ausgesprachene Bokeh hei méi ubruecht gewiescht? Den Testarossa nach méi am Hannergrond, manner scharf a manner beliicht? Du hues bestëmmt nach di 2 Modeller, firwat also nit déi nach eemol nei an Szen ze setzen?
Däi Gefill täuscht dech nët Nico, ech hu mer demols nët all ze vill Gedanke gemaach, an ech maache mer haut och nach nët onbedingt vill méi. Fir d'éischt stoung C1 alleng do, daat huet awer pupeg ausgesin, also muss éen zäitgenössegt Géigestëck hir. Den F348 war déi Zäit (ëmm 1990) de modernsten Cavallino Rampante. Ideal wär déi demols aktuell Corvette C4 gewiëcht, haat ech awer nët.
Du hues scho recht, de Statist am Hannergrond kéint durchaus méi defokusséiert sin, an de Reflex an der hënnerschter Säitefenster stéiert iergendwéi.
Ech wéess nët op ech déi 2 Modeller nach hun, wéi mer hei virun enger Dose Joer renovéiert hun, ass villes verschwonnen... oO
Sollt ech nach eng Kéier esou eng Idee hun bespriëchen ech datt fir d'éischt dir; mir maachen ët dann wéi bei der Bande Dessinée, du schreiws de Szenario an ech versichen d'Illustration ze maachen...
Maybe, d'Sixties hun awer Ikonen a Stréimungen bruecht denen ech haut nach notraueren wéi z.B. Jaguar E-Type, Aston Martin DB5, Maserati Ghibli I, Ferrari GTB4, Shelby Cobra Daytona, Ford GT40, Lola T70, Beatles, Shadows, Spotnicks...
Lo kann ee séch froen, ob mir dat sou gesi, well mir di Zäit erlieft hun, oder ob et absolut gesi sou ass. Mais um Fong sin ech ganz mat dir d'accord. Deemols goung et jo och nach nit drëms, fir méigléchst aerodynamesch ze sin, mais ee Fortbewegungsmëttel sollt och een Objet d'art sin. An nit nëmmen d'Autoen. Kuck mol d'Lokomotiven vun deemols an och d'Fliijeren. An di " populär" Musék war och méi "inspiréiert", wéi se dat haut deelweis ass.