Eng Koppel Fluesfénkelcher turtele schon zantrer e puer Deeg bei eis an den Hecken an an de Straicher an um Kulang. Ech sin da gespaant, wéini ech rausfanne, wou se hirt Nascht gebaut hun.
Du hues di zefridden Koppel schéin an hirem Element festgehalen, et war bestëmmt net einfach fir bei denen zwee glächzäiteg d'Ae frai ze kréien. Als Kiischt um Kuch di rout Faarwtupfer ronderëm.
Ech hun awer di läscht Zäit och scho mol dru geduecht, fir mäin "aalen" 200-400mm f/4 op méng F6 ze schrauwen, an dann analog op Déierefotografie ze goen. Do ass dann näischt mat mitrailléieren an et iwwerleet een zweemol, ob een d'Foto mécht oder nit.