Mir gefällt d'Foto tiptop, flott kombination vun faarwen. keng ahnung wisou, mais den Himmel huet (fannen ech mol) iergent eppes waat ma richteg gudd gefällt
Wi all Foto gett och des vu lenks no rechts gekuckt. Hir Dynamik awer breet sech vu rechts no lenks aus. An dei Bewegung get vun de Wolliken am Himmel ennerstrach.
Gefaellt mir super.
Jo mier gefaellt se selwer saugudd an daat kennt net sou fir bei mengen eegenen. Mee op ech dei Verarbechtung nach emol sou hierkreien daat ass na eng aaner geschicht. Schaffen emmer drop lass an en Pro am Photoshop sin ech och wierklech net.
Ech fannen deng Teinungen droen awer emmer (meeschtens ) eppes zu dengem Stil bei, ass scho markant bei dir Secher, du solls jo och nitt emmer hoergenau daat remproduzeieren waat schon engkeier do wäer, daat gett kee Fortschrett Mee dir gelengt et oft, eng sauflott Teinung ze fannen, dei zur jeweileger Situatioun an Foto passt!
Jo am PS leeft alles iergendwei spontan an ech muss awer na vill leieren fir och en Effekt op Kommando ze brengen deen ech am Kapp hun. Ass mer am Moment na ze vill Zoufall dobei.
Selwer kritesch bléiwen ass emmer gudd, mee hei dierf een dech och mol luewen D'Méiglechkeeten am PS sinn wierklech onbegrenzt, do kannste dech doutsecher nach vill ameséiren
En ganz intressant Vue fun enger Plaatz wou een schon 1000mol driwer gang ass mais nach ni aus sou enger Siicht Haptsächlech déi verzerrten Ziffren, d'Farwen an den Himmel gefalen mir ganz gut
Gesin hat ech se schon, mais net drop opgepasst. Mais ass wouer, sollt een eigentlech all déi Platzen wou een sou oft hingeet mol eng kéier méi genee kuken dann fent een fill intressant Saachen.