Nee Poly as genau esou fotografeiert gin, sin nach net sou ganz vertraut mat noodreiglecher Bearbechtung. Wanns du awer mei Detailer wells wessen wei ech dat dann gemaach hun, as ganz einfach. Owes geknips wei et nach net ganz deischter war an vun der Stroossen beliichtung profiteiert wat dei orange Farw erklärt
salut,
et as net dat een well wessen weis de et gemach hues (villeicht och schon) mais den aspekt wei et gemach as ännert jo komplet den bléckwenkel op daat doten,
häss de elo gesoot, hun am Photoshop 2 Fotoen verschaft, wier t'Resultat net onbedenkt Preisverdächteg, et gesait een keng Flaam, keen damp etc ...
Den Fait, dats de eis elo sees et as am Fong eng "illusioun" dei fun Beem an enger oder 2 Stroossenluuchten hier kennt, get der ganzer foto en aaneren aspekt !
Dofier fannen ech et emmer ganz wichteg e puer Wuert fum Fotograph bei den Fotoen ze hun, du wells jo ch een Feedback, dann muss de mol selwer epes zu denger Foto soen, ierts de erwuarts dat een aaneren sech t'Mei mecht ... !
MBG
yes, do si mer der Saach jons e bësse mei nokomm, duerch e Saz, d'ass jo awer interessant wei déi Opnam zustan komm, fannen se wierklech gutt, wann et tatsächlech Luuchten am Hannergrond sinn,et het jo och kinnten zb e Sonnenënnergang sinn...
de Rescht huet de Gaga jo explizéiert, dat doen ass op jiddefalls e gudden Ufank
Ech fannen den Titel gutt. Hunn Bëschbrand gelies - an hunn Bëschbrand gesinn. Den Damp hunn ech mer geduecht dass en iwwert dem Bësch ass - an d'Flam éischter als Glous. Sou fannen ech et als eng gutt Illusioun.
Wou ech Kommentarer gelies hunn - dass et sech ëm Luuchten handelt - sou wor d'Sensatioun e beschen getilgt.
Fannen et eng gutt Foto - an d'Opléisung wor ech och interesséiert
jo du hues schon recht, ech hun et selwecht gesin am ufank, mais am detail kann een t'leit awer dann opklären !
mir sin jo hei keen billeralbum, mais eng Fotographie-Community !
Merci Gaga fir dein Feedback
Vue datt et méng éischt Foto war déi ech eropgelueden hun, hun ech net vill dozou wollten soen. Ech wärt mir awer déng Bemierkung zu Haerz huelen an léieren