Wat ass de Sujet? D'Kabine déi net schaarf ass? Den Taxi dee vun der Telefonskabinn verdeckt ass? D'Bild wou ofgeschnidden ass? D'Leit am Taxi denen hir Gesiichter een net Gesäit? Probéier däi Bildopbau esou aus ze riichten dass een Element erausstécht amplaz dass se sech een deen aneren hënneren.
Candic, ech hu mer däi Site ugekuckt an ech muss soen, dass d'Wirkung vu sou Street oder scho bal Reportage Fotoen an der Serie komplett aneschters ass wéi wanns du hei e puer eenzel, bal "einsam" fotoen weis, quasi aus der Serie erausgerappt. Wann ech nämlech su eng Serie op dengem Site duerchbliederen, fannen ech des am ganzen wierklech emmer super interessant. Matt enger eenzelner Foto kann ech perséinlech awer net emmer vill ufänken well se zouzesoen aus dem Kontext gerappt gouf. Langer Rede kurzer Sinn: Deng Serie'en fannen ech super d'Fotoen eenzel ze weisen éischter schwiereg