Deen Cadrage gefällt mir hei besonnesch gudd! Op ech elo och 8s beliicht hätt wees ech allerdings net, mir ass et perséinlech eng kleng Grëtz zevill "Mellech".
Merci beaucoup Paul-H, dat freet mech. Ech perséinlech fannen d'Wirkung vu fléissendem Waasser einfach besser mat langen Beliichtungzäiten, ët ass awer ewéi bei villem, ...eng Affär de Goût.
Kéint mir virstellen dass di 8 Sekonnen Beliichtung bewosst gemaach ass. Déi zwar méi Mëllech am Waasserfall wéist. Awer doduerch Strukturen, duerch Fléisgeschwindegkeet am Waasser wou de Waasserfall dran fält eréischt ze gesinn sinn ass. Béides (Strukturen) an engem Bild ze weisen, ass dann fir mech net ëmmer méiglech. Wat mir nach duerch déi méi laang Beliichtung gutt gefält, eng zousätzlech Dynamik déi duerch Bewegung vun den Planzen entstanen ass!
Du brengs et op de Punkt mat dengem Komentar Conley. Déi 8 Sekonnen si ganz bewosst beliicht gin fir déi néideg Bewegung vum Waasser an der Baach ze betounen, vu dat hei d'Waasser vill méi lues fléisst ewéi an der Cascade, an esou zu enger insgesamt besserer Harmonie bäidréit. E grousse Merci fir d'Analys vum Bild, a ganz besonnesch fir de Fav.