Du hues Recht, et geet ganz rapid, hei an dëser Héicht awer eppes méi lues, an ech denken dat ons Enkelen souguer d'Chance och nach hun sou ee Spektakel kënnen ze bewonneren.
Wann eng vun de Konequenze vum Klimawandel ass, datt et méi Néierschléi gëtt an der schlechter Koereszäit, dann hëlleft dat och vläicht neess e bëssen, di Saach ëmzedréinen. Wan elo schon Ugangs Dezember Lawinegefor an den Alpen ass, da läit jo do Schnéi. Et ass nach net sou laang hir, datt Skikompetitiounen just méigléch op Konschschnéi waren an alles ronderem gring.
Jop, hu gëschter e bësse Biathlon gekuckt wou aktuell zu Le Grand Bornand ausgedroe gëtt, an do läit massiv Schnéi, an dat op ronn ab 1300 Héichtemeter.