Wéi maachen ech eng «perfekt» Blëtzfoto ? | |
Vu datt «perfekt» zimlech schwéier ass an dësem Domaine, ass ët och schons schéin, wann een eng passabel Blëtzfoto erreecht (wou een e Blëtz kann drop erkennen). Duefir brauch een un technëschen Accessoiren: - e Fotoapparat, deen liicht iwwert dem Niveau «Knipps-Apparat» läit an ët z.B. zouléisst, eng länger Beliichtungszäit ze maachen, also ongeféiert 30 Sekonnen als Minimum (Manner geet och, awer d'Chancen de Blëtz z'erwëschen ginn da méi kleng), wann een en Handy huet deen dat kann, geet natiirlech och, - onbedingt en Dräibeen oder aaner Méiglechkeet den Apparat (Handy) esou ze fixéieren, datt do awer guer näischt ka wibbelen! - evtl. en elektrëschen/elektronëschen/infrarout Fernausléiser (wann der en eeleren Apparat hut wier dat den Drot-Ausléiser, awer dann ee mat Feststell-Schrauw soss muss een déi ganz Zäit do stoen an dropdrëcken...), - bei Spigelreflex soll een hannen den Okular ofdecken, datt kéng Parasite-Luucht era kënnt (et gin do z.B. regelrecht Deckelen, och kéint een en einfach zoupechen...?!), - e gro-Filter fir d'Luut-Quantitéit erofzesetzen (evtl. e Pol-Filter, wat awer diskutabel ass, well et vläit ongewollten Effet'ë produzéiert...?!) - d'Sonneblend ass och nët schlecht a wann ët nëmmen ass géint Reendrëpsen. Astellungen um Fotoapparat sollten: - déi niddregsten DIN/ASA-Astellung sin, déi den Apparat erlaabt, - den Objektiv op onendlëch astellen an den Autofokus ausschalten, - déi klengste Blend, - Pose «B» oder «T» fir Laangzäitbeliichtungen astellen oder en gläich- wäertege Programmodus bei Viragestallte Motiver (wéi z.B. «Nachtaufnahme») Allgemengen Tip: - ni duerch eng Fënster fotograféieren, sondern wa méiglech dobaussen fir onerwënschten Reflexer vum Glas ze vermeiden, - bei extrem laangen Beliichtungszäiten kritt een och nach Problemer mat Faarwverzerrungen, déi een nët méi esou gutt lass gët (Schwarzschild-Effekt). Wann een all dës Konditiounen erfëllt huet, da riicht een den Apparat ongeféier an déi Richtung, wou ët soll Blëtzen a knipst lass... P.S.: Eng Kontroll-Foto betr. de Bildausschnëtt fir ze gesin ob onerwënschte Saachen am Bild sin ass och nët schlecht, fir spéider Fluchen ze vermeiden. An dann zu gudder läscht: «Bonne Chasse/Chance» ! ![]() |