Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
|
|
Hey!
Ech wollt eech lo mol hei em äer Meenung froen, an zwar geet et em déi nei Nikon D90... Ech haat scho firu méi laangem welles mer eng Kamera ze kaafen mee hu mech awer lo dofir entscheed meng Suen an ee neien Fotoapparat ze investéieren, mee wéi ech gesinn kéint ech mer déi zwou Saachen lo mateneen zouleen. Ier ech mer d'D90 awer lo zouleen wollt ech mol vun eech wessen op schon een se huet, getest huet, resp. wat der derfunn haalt?
Géing mech iwwer puer Meenungen freen
|
|
06.10.2008 16:20 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Moien,
Majo, dann so eis emol, wisou datts de dech grad fir d'D90 interesséiers an net fir eng D60 oder D300 resp. 450D, 40D 50D vun Canon?
lex
|
|
08.10.2008 09:18 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Well hatt Nikon huet a wuel bei Nikon bleiwe wëll, verständlech
De Problem beim Filme matt der D90, ass dass wanns de den Apparat schwenks, dann gi riicht Saache schief ugewisen, well den Chip vun uewen no ënnen äusgelies gëtt. Hei gesäis de dat gutt:
http://www.dslrdad.com/cameras/nikon-d90...ts-jelly-video/
Anscheinend soll dee Problem awer bei ville Camcorder och sinn, d.h. demnowéi kënns de sou oder sou net derlaanscht
__________________ 404 - Not found
|
|
08.10.2008 09:27 |
|
|
klex
Doppel-As
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 103
Herkunft: Diddeleng
|
|
Zitat: |
Original von Johny
De Problem beim Filme matt der D90, ass dass wanns de den Apparat schwenks, dann gi riicht Saache schief ugewisen, well den Chip vun uewen no ënnen äusgelies gëtt. Hei gesäis de dat gutt:
http://www.dslrdad.com/cameras/nikon-d90...ts-jelly-video/
Anscheinend soll dee Problem awer bei ville Camcorder och sinn, d.h. demnowéi kënns de sou oder sou net derlaanscht
|
Wans de sou films well sws keen dai Video kucken
|
|
08.10.2008 17:24 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
http://www.dslrdad.com/cameras/nikon-d90...ts-jelly-video/
Hah. Dat as jo leschteg. Do gesäit een wat derbäi erauskennt, wann een onbedingt e Produit well op de Marché bréngen mat Gimmicken déi nach nët räif sin. Sougesin fonktionnéiert grad déi Funktioun nët, déi als dat "emwerfenst" Feature vum Produit beworbe gët.
Ech géif mer do awer keng Gedanke maachen. Du géifs den Apparat jo kafen fier ze photograféieren, nee? An ech mengen, dat misst d'D90 jo awer hikréien.
|
|
08.10.2008 19:05 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
patrick: Ech kréien do lo just nach 404 Error :/ nix méi do.
__________________ 404 - Not found
|
|
09.10.2008 00:55 |
|
|
patrickr unregistriert
|
|
@error
Schued, dee Video war einfach ze leschteg
. Mat e besse siche fënnt ee vläicht eppes Aehnleches.
A ganz éierlech. Hätt ech eppes bei Nikon ze soen, da wier esou eng "defekt" Funktioun nie an deem Zoustand op de Maart komm.
|
|
09.10.2008 07:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Ech wees jo net wat drop war, dofir kann ech och schlecht duerno sichen
__________________ 404 - Not found
|
|
09.10.2008 09:26 |
|
|
Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
Themenstarter
|
|
Jo, ech géing den Apparat firun allem huelen fir ze fotograféieren, mee wéi scho gesoot, ech haat och scho welles mer eng Kamera ze kaafen an wann ech lo déi zwou Saachen an engem kann kreien rentéiert dat sech awer mengen ech méi... an 't ass och méi praktesch
Wat d'Qualitéit vum Filmen ugeet gesinn ech lo kee groussen Problem. D'Funktioun u sech fannen ech einfach intressant mee ech rechnen awer lo do net mat beschter Qualitéit an 't ass jo och net sou dass ech lo grouss Filmer domat willt dréinen
Beim Filmen geet et mer haaptsächlech drem verschidden Momenter festzehaalen, méi net, an fir dat misst déi Fonktioun jo deckevoll duer goen
Merci fir äer Äntwerten
|
|
09.10.2008 12:51 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Viirwat soll d'Kalitéit vum Video net gudd sin? Emmerhin ass d'Objetiv an den Chip wesentlech besser ewéi bei bal all Camcorder en plus hues de hei, wéi bei denen professionnellen Systemer, d'Méiglechket d'Objektiv ze wiesselen. An dejenegen, den beim Filmen sou en Schwenk mecht ewéi an dem Video, den huet souwisou besser keng Filmkamera unzepaken.
Soit, et ass nun mol en Apparat, den Kamera an Fotoaparat verenegt. Ob dat elo eng gelongen Meschung ass sierf dohigestallt. Ech sin ower iwerzeegt, datt déi aner Hiersteller den feature och elo abauen waerten an déi nei Modeller, also kann et vun der Grondiddee net schlecht sin.
Du hues ower och nach emmer deng SD-Kaarten ob déi däin Film gespäichert get an ech denken, datts de éischter do un Grenzen stoussen waerts wat d'Vitesse ubelaangt.
|
|
09.10.2008 14:57 |
|
|
Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
Themenstarter
|
|
Ech soen net dass d'Qualitéit net gudd ass, se ass just warscheinlech net grad sou gudd wéi bei verschiddenen richtegen Kameraen, mee fir dat wou ech se brauch geet dat do awer deckevoll duer. An am Verglach zu menger Filmfunktioun op menger Canon Powershot ass se secherlech vill besser
War mer d'D90 haut mol an den HiFi ukucken, do hun se se lo fir 1149 Euro am Kit mat engem 18-105mm Nikkor-Objektiv. Wees ee vu eech wéivill de Body alleng hei ongeféier kascht?
|
|
09.10.2008 15:23 |
|
|
GrAl
Foren As
Dabei seit: 20.11.2006
Beiträge: 92
|
|
Hun den Body fonnd fir 899 an den Kit fir 1099. Den Hifi-Prais mat 1149 ass domadder also gudd.
|
|
10.10.2008 10:55 |
|
|
Minaa
Eroberer
Dabei seit: 21.09.2005
Beiträge: 52
Herkunft: Viichten
Themenstarter
|
|
Ok, merci! Wäert mer déi dann lo demnächst zouleen
|
|
10.10.2008 13:22 |
|
|
|