Ech gin et weider Jo, schminken misst een nach kennen, daat ass mäi next Ziel
Mat ouni hand haat ech och probéiert, d'coiffure wuar nemlech och ganz flott, mee iergenteppes huet do gefehlt, dofir hun ech des gemeet.
Merci
oh freck alleng daat geschminks do ?
brrsabberdefekt....
Fatal error....
Oo
wei krues du daat sou geschminkt?
das jo krass daat doten....mach dach direkt biller fir moud an sou truecken
hmm k faalen kinnt een als klengen kritikpunkt erwaehnen dei haett ech lo am photoshop rausgebastelt mee daat ass och rem sou eng sach deis de secher genee geplangt hues
Lex du bass een vun den Useren dei desem Site Niveau gin ... Dat soll lo hei keen Geschleims gin, mee sou Fotoen wei dess hun ech bislo nemmen bei Profien an an Magasinen gesin ...
Lo zur Foto, ech fannen dein Model wirklech super geschminkt, ... wat och flott ass, ass dass am ganzen Bild Mauve Faarwtein sin ...
Boah! Schock! Cool! Awer net ganz!Ech fannen et bessi ze krass! Huet bestemmt Spass gemaach Ech wees net waat mech am meechten steiert, mee fannen flait dat et bessi ze blenkeg ass. Den Hannergrond ass och mengen ech e bessen grell, engersaits geet gGesiicht gudd an den Hannergrond iwwer, mee aanerersaits stecht et eben genau doweinst nemmi suvill eraus... wees net waat besser wier Ech mengen ech haalen op mat desem Kommentar, ech schreiwen nemmen Wirrwarr
Di rosa fuarw kennt duech den Gringfilter um Bletz. Wäissbalance op Neon an den Hue erpsetzen, fir dat den Fotoapprat ging kompenséiert, doduech gett den vum Bletz bellichtenen Deel neutral an de räscht rosa
Wuar ustrengend, awer huet spaas gemaat
Merci fir däi Kommentar
In der Kürze liegt ja bekanntlich die Würze:
.................................................................. IMMENS SCHEIN ...............................................................................
d'Faarwen, d'Pose, den Cadrage (obwuel d'Handgelenk zimmlech enk ewegkënnt, mee ass nët zevill relevant par rapport zum Rescht), den Sujet, also d'Amandine (an ët ass deng Nopesch, sees du? ... waat hues du eng Chance ...esou een Model direkt déi aaner Säit vum Gaart ...), seng Pfauenaan, säin Härzmond (och wann do eng Reflexioun drop ass, egal , ët passt bei den Lolly-Gloss-Effekt ...), säin Paradiesvogel-Make-up, den Hannergrond (rose-bonbon), ...
... daat ganzt quoi!
(an? kuerz genug? ... dofir awer würzeg, oder? ... nee, awer nët esou)
edit:
... an den Sanitel am Thumb niewendrun ... deen kuckt nawell echt dran ... wéi wann hien sengen Aan nët géing gleewen wien niewt him poséiert ... ))
boaaaa dei schmink do dei ass jo wierklech geil well dat och kennen :'(
soss zur foto gefaellt mer n denen farwtein och wa rosa meng haasfarw nummer 1 ass
t meedchen huet och en immens tiptopen bleck
wat elo bessi mech steiert ass dei hand ech verstin wann t bild ouni se e bessi eidel ass me sou geseit se bessi aus wei aus dm nix kennt eng hand du verstees
ech haet se iergendswei anescht poseiert me ass meng meenung du denks jo vleit anescht hehe
Einfach nemmen wow! Immens schéin Faarwen (rosaaaa ), aussergewéinlechen Make-Up (Respekt!) an och ganz flott Beliichtung ...
Kennen zwar net vill vu Studiosfotoen mee déi hei gehéiert menger Meenung no defintiv an d'Topfotoen
Dat ass eng richteg flott Foto, Repekt. Ech sin zwar keen Fan vun rosa an haett et besser an enger anerer Farw gesin , mee trozdem super. Wat mir immens gudd gefaellt ass dei weis Wimpertuch. D' Lepsen blenken mir awer zevill.
Mech emballeiert dess Foto net, et huet vlaischt hei um site en gudden effekt well dei Leit hei sou eppes net esou gewinnt sin mee bon ass daat dann alles? Vun der luucht an der Pose an dengem Spillen mat den Faarwen ass se ganz ok, d'Hand an den Hoer gin deser Foto Liewen, et huet e Kussmond deen ech zwar net weilt kessen well ech eekel hun vrun sou engem Leppensteft hun... Den Make-up ronderem d'Aan ass net immens.
josedipa, waat hescht daat fir dech :
"Mech emballeiert dess Foto net, et huet vlaischt hei um site en gudden effekt well dei Leit hei sou eppes net esou gewinnt sin mee bon ass daat dann alles" ?
hei meng Äntwert op daat waat ech an deem Satz verstaanen hun:
jo effektiv, d'Leit vun PG, sin daat nët gewinnt, dass HEI esou Fotoen eropgelueden gin, well déi meescht Portraiten déi hei sin, sin nët an deem Stil ...
se sin méi, ech soen elo einfach, méi "klassesch", obwuel ech wees, dass daat elo nët graad daat richteg Wuert ass ...
méi klassesch am Make-up, am Outfit (wann dann emol een méi "aaneren" Outfit gewielt gëtt, dann gëtt en och direkt subjektiv oofgestempelt), an den Posen (heinasdo ass dann och emol eng méi "dirigéiert" Pose derbäi, d.h. eng méi "gezielten" Pose ) ...
an dofir huet esou eng Foto wéi dem Lex seng villäicht, ech betounen, HEI, deen "WAOW-Effekt" ...
daat heescht fir mech awer nët, dass déi Foto dofir deen WAOW-Effekt nët trotzdeem verdingt huet ...
well dann wéilt ech awer wierklech wëssen, resp. gesin, waat fir eng Foto nach iwerhaapt den "richtegen" WAOW-Effekt verdingt well se nach nët iergendwou, iergendwann uerchter déi ganz Welt gemach gin ass ...
ech mengen d'Photographen mussen/missten haut verdammt kreativ an innovativ sin, fir nët iergendwou "déjà-vu" 's Saachen ze produzéieren ... daat ass jo och eng gutt Erausfuederung fir sie ... mee ech mengen ët ass ganz schwéier fir ganz nei Saachen ze krééieren ...
Sollen se dofir dann och keng WAOW-Effekts Foto méi faerdeg bréngen, nëmmen well se eben keng exklusiv "nach nie gemach-nach nie gesin" Foto geschoss hun? ...
an aaneren Wierder :
Waat ass ... fir dech ... (haut nach) eng "WAOW-Effekt"-Foto ?
oder: Waat rappt dech (nach) aus den Schung? ...
Mech ..... ganz vill ..... nach ... )
(ët ass wierklech nëmmen eng Fro ... well ët mech wierklech interesséieren géif ...) ... )))
(an aanerer kënnen/sollen natierlech och hieren PAV gin ... kéint jo och schon baal am Forum beschwaat gin ...)
Maiomaiomai an daat Meindes muerjes Jade hun ech daat do verdengt nemmen well ech elo als eenzegen den klex ugegraff hun mat menger Aussoe dass dess Foto mech net emballeiert... den Cadrage ass ze knapp gewielt, den movement ass vun sech aus ganz flott. Rosa ass eng faarw dei mier souwiesou net gefällt den Maquillage ass net gudd, an souwiesou net fashionable. Den schwarzen dégradé ronderem d'aan ass eng gudd Base mee dann deen decken roosaen Strech driwer hätt entweder missten als mei hellen dégradé no Uewn bis d'Aperho'er an deen selweschten Tein an net orange weider goen fier dann nees an d'ganz hell rosa an ganz hell mouv gemescht mat grop an hellblo weider ze goen. Dann dei schwaarz Strecher hätten misten mei verspreet gin an dei kleng Krengel drop dierwt net sin. D'pupill vum Aan ass vill zevill schwaarz zou. D'Meedchen huet deck Hamsterbaaken mat engem klengen Mond dran. voilà Jade wolls de nach eppes wessen?? Et ass einfach net den Wow effekt fier mech, schons gudd dass en eppes gewoot huet mee dann soll en et richteg maachen. Eppes 'nach nie gemaach, nach nie gesin gett et souwiesou net mei an der Welt vun der Fotografie.
"Maiomaiomai an daat Meindes muerjes" ... ) ... hein? ass haut Méinden?? ... flut ... dann war haut den moien eent nët op der Aarbecht ... zut, zut, zut ... ;-)) ... mee bon, aanersäits schéngt awer och keen mech vermësst ze hun ... hmmmm???
nee elo seriö ...
éierlech gesoot hun ech nët fonnt, dass du den klex ungegraff hues, guer nët ...
ech hun wierklech éischter fonnt, dass du dem PG Publikum nët vill/nët genuch Anschätzungskenntnisser zougetraut hues, ... an ët huet, wuelbemierkt an mengen Oueren, geklongen wéi wann d'Useren relativ schnell an mat wéineg ze begnügen wieren, well ët guer keng esou exzeptionnell Foto wier par rapport zu aaneren Fotoen, déi een soss op aaner Plaazen fannen kann ... an dass se just HEI op PG "aus dem Kader spréngt" ...
An déi Punkten, déi's du elo vum Aan-Make-up opziels déi dier nët gefaalen ... do bass du jo awer sëcher mat mir anverstaanen, dass daat ganz subjektiv Punkten sin, déi wierklech "adg" (affaire de goût) sin, oder ieren ech mech ? ...
An ... hehe ... du hues nawell ganz "à l'extremiste", d.h. esou just nach zum Schluss, gaaaaanz, ganz kuerz op meng Fro un dech geäntwert ...
hmmm ... wann ech ët awer erëm noliesen ... dann fannen ech , dass du am Fong awer guer nët op meng Fro geäntwert hues ... also ... ) ... och wann ët elo Méinden nomëtten ass ...
mee, ech kann awer och een aaneren Daag op deng Äntwert waarden ... )
haaaach ... ech kéint Stonnen laang hei babbelen ... ;-))
konscht ass bekanntlech dat wat gefällt, sou ass et a mengen aan och matt der photographie, secherlech gin et do och puer fest reegelen un dei een sech EIGENTLECH halen soll, mais dass de hei d´visagistin indirekt ugraifs asw. ech fannen d´schmink z.b. sau sau gudd an immens gelongen an do kanns du mer zielen wats de wells, ech WEES schon nemmen well ech e framensch sin an du net (bon ech huelen dat lo mol sou un ) dass ech mei dovun kennen weis du (ääätsch )
opallenfall sin DAT dei fotoen, dei mannequin´en an der mapp brauchen, op der doten foto ass d´meedchen wandelbar duergestallt an et ass keng üblech grinsfoto, an glew mer, ech wees vu wat ech schwetzen well ech sin enka matt mengen grinsfotoen an eng agence gangen an dun hun dei mer genau SOU fotoen wei des gewis. d´schmink passt bei den hannergrond, jo fir mech ass d´foto souguer harmonesch, och di schwarz strecher an souguer d´wimperen, dat alles mecht an mengen aan eng perfekt extravagant schmink op deser foto aus, nora hat gesprochen, feddisch
Indigo/Nora!!! ... an daat alles einfach esou? ... ouni Pincetten? ... op engem Méinden? ... zwar nomëtten, mee egal, awer Méinden !!
ech mengen (hoffen?) den josedipa huet elo verstaanen, dass deen Genre bei ons ganz gutt unkënnt, an bei den Agencen och ... cf. all déi "blénkeg-Pabeier-Zäitschrëften" ... )))
Aha Indigo du bass eng fraa an du verstees mei wei ech, du wees jo awer net waat ech maachen an waat fier eng Leit ech betreien.. Nämlech genau dei leit vun deenens'du hei schwetzt, maquilleusen, coifferen, photographen a modeller an daat berufflech seit 15 Joer an als Hooby seit 22 Joer..... An dann soen ech och nach wei wier et dann wann ech schwul wier??? äääääTTTTSSSCCCHHHH BUUUHHHHHH Kannerech kann ech och sin. Dann brauchs du mier net ze erzielen dass du et besser wees wei ech... Ech soen der just wei deen Maquillage ass op et der gefällt oder net op ech dain butzegen Klex ugegraff hun oder net. An dann nach dobai gesoet deen maquillage do ass am moment bestemmt net gefroet well et ass Oktober an dann gin maquillagen gefroet dei fier printemps-été sin, d.h. liicht maquillagen mat pastellfaarwen... maquillagen mat schwaarzen renner ennert oder ronderem d'Aan gin am februar gefroet fier automne-hiver an dann awer keng esou... kussi iech Fra'en
éichtens maan ech keng foto fir eng kollektioun, also sin ech mat de fuarwen jo scho richteg, well se fir den hierscht sin a mer am moment hiescht sin... an 2tens, (lo net op dech bezunn, vu que dat ech dech net kennen) d'zäit wéi laang een eppes mecht well na laang net heeschen daat een et gudd mecht! Wanns de wells gin ech der gär e beispil, mee ech schreiwen daat lo net hei well ech gi mer näischt sichen...
nach eppes aaneres: firwaat soll daat bei engem schwulen aanescht sin???
ok bei eppes muss ech nogin: ech kann keng rosa foto objektiv genuch beurteelen (insider...) mee awer denken ech och dass dest neischt matt der joereszait zedin huet mais eischter matt der konkreter firstellung vun projet dei den photograph hat, an deem fall den lex, an ech fannen et aussergeweinlech bewonnernswert sech zu neiem ze trauen, josedipia, kuck dech um site em, vun den standard studio fotoen hu mer genuch gesin, dat heiten brengt e fresche wand an mengen aan..
allerdengs, ok ok ech sin e rosa freak, mais awer fannen ech d´schmink immens kreativ...
en plus, wanns du souvill joer erfahrung hues, dann geng ech dei jonk "nofolger" photographen, wei och visagisten mei motiveieren an hinnen anescht rotschleih riwwerbrengen, eeeet sierf dann, do wier eng firgeschicht mam lex, an ech geng matt mengem verdacht richteg leien (->ms) ech hoffen dass et net sou ass well ech gehofft hat dass dat geklärt wier.....
greetz
to Indigo
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=10702&old_page=2
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=9054&old_page=8
http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=9264&old_page=7
Also destruktiv fannen ech daat net onbedengt an verstin net fierwatts de daat sees.Mier gefällt se net sou einfach ass daat, den maquillage waar vlaischt gudd geduecht mee awer net gudd ausgefouert, wann een esou eppes mecht soll een sech mol vierdeischt emkucken an Zeitungen oder um net, z.b. www.ftv.com...
Waat brengt et dem Klex oder der maquilleuse wann ech em soen dass dess Foto superduper ass wann et net esou ass.
dat mam destruktiven hat ee besonnegen grond an ech muss dat zreckhuelen sorry, hat dech matt engem verwiesselt, respektiv ugeholl du wiers deen an dat hàtt ech schued fonnt... mais wei gesot, ech huelen dat zreck, sorry!
Freen mech allkéiers wann eng vun dir kennt, well et oft de Fall ass dass de eppes néies probéierts, an halt all Foto vun dir aanescht ass, an en plus se mer gefaalen!
Well done! 9/10 well mer verschidden Saachen awer opgefall sin, mee et sin Klengegkeeten oder Affaire de Gout ... an daat well ech dann net heihi schreiwen, fir groussen Diskussiounen aus dem Wee ze goen, an dofir sin déi Klenegkeeten net derwärt. Soen der et awer gären per Messenger wanns de well
huihui...vill rosa, wann ech eng kéier fir méng schwester ee "Fee" bild brauch, mellen ech mech D'schmink beandrockt an hei stéieren d Wimperen net sorry, huet misste sin:-P
also pardon mais ech kann mer et wiirklech net verknaiffen, ech setzen hei seit 2min ze zappelen mais ech muss et einfach lassgin soss platzen ech, ech schwieren ech PLATZEN!!!!!!!!!!! ok also..: *lofthuel*
ROSSSSSSSSAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAAA O
lex, genial, dat doten ass GENAU dee stil vu foto dat nach hei gefehlt huet!
D'Foto ass gutt, menger Meenung noo, grad de ville Maquillage passt jo grad, ass e groussen Deel vun dem ganzen.
Lex, ech si secher du léiss der däi Stil ze fotograféieren net äusrieden ... (an daat soen ech well et sou soll sinn!)
Wisou net Topfoto? D'Foto fir mech selwer, ass wirklech gutt, mee hei kennt derbäi dass ech vum Lex trotzdem scho méi flott Saachen gesinn hun
Ahjo an de Cadrage, also DEN ass definitiv perfekt, menger Usiicht noo.
Et ka jo awer nët sinn, datt de Fotograf selwer als Mossstab geholl gëtt, an da gekuckt gëtt op seng Biller iwwert oder ënnert sengem, vun eenzelnen bekannten, Qualitéitsniveau leien.
Daat heescht jo dass ët nët méi ëm allgemeng novollzéibar Bewertungskriterien geet, mee tatsächlech ëm "tête du client" ?
Nee mol net dem Fotograf selwer, mee dem ganze Site éischter gesinn. Wann daat net wir, géifen mer an eiser Entwécklung jo stoe bleiwen, a wee wëll daat da schonn? Daat hätt kee Sënn.
Fannen eierlech gesoot, deng aaner fotoe besser... net dass des net gudd gemaa gin ass wei den johny soot... mee... ass net main styl... nja... am fong schon e bessen... mee (will see in future... krkr)
Fannen d'fotoe iergentwei ze hell... et ass iergentwei ze vill direkt gebletzt gin, also... gesait zevill no bletz aus an mengen aan... fannen d'foto net harmonesch... baaaah... WEEN VERSTEET SCHON MENG COMMENTS
Love ya trotzdeem... an zumols deng musik... krkrkr
Komesch, dass verschidden Léit am Ufank richteg begeeschtert vun der Foto waren "WOOOW!!", an noodeems se net als Topfoto gewielt gin ass awer villes ze kritiséiren fannen. An dann gëet et em all Millimeter... (oder "Centimeter" !
Lex, ech gesin d'Foto als absolut gelongen un. Schéinen Glamour-Touch, an flott douce, mee trotzdeem peppeg Faarwtéin. Dat soll mol een dir noomaachen!
déi Foto gefällt mir nach ëmmer esou gutt ... an esouguer nach besser ...
kommen ëmmer erëm hei laanscht luussen ... an ech muss soen se impressionnéiert mech vun der Schéinheet hier all Kéiers méi ... an méi ... an méi ...
an ... ech stellen fest, dass ech hei mäin klengen (hmmm ... waat bedeitenden??) JADE-Label nach nët vergin haat ... also dann ... Klex ...
...................................... "Genau esou ..... an nach méi esou!"....................................
Emmerhinn bass de éierlech (hm kléngt komesch, mee huel daat net falsch op)
Et ass zwar schued dass se keng Topfoto ass, mee du wees jo dann wéi gutt se ass, daat ass daat wichtegst.
Hoffen mol geschwenn rem puer Fotoe fun dir ze gesinn
Majo, wärt der lo mol a nexter zäit nees méi maan... wärt awer nach eng zäitschen dauren bis se ze gesi sin :S
Waat Topfoto ugeet, hun se net dofir ropgelueden, natierlech hätt ech näischt dagéint gehaat, mee vun hellefräiche Kommetaren (wéi enner aanerem z.B deen vum Secondskin ) hun ech wesentlech méi!