WOW !!! dein Titel passt zwar wonnerbar !!! Wei basste op den Sujet komm ? Du hues dei Angscht zwar op eng *witzeg an och net* Art and weis ausgedreckt !!
et get dach een film wou och sou een männchen matspillt also den sou neel um gesiit hun.. wees awer net mei wei den film heescht.. huet daat dech inspireiert?
Cool, geseit mei realistech aus wei bei Slipknot, war bestemmt mega aarbescht. Mee waat ech zwar cool fannen, ass eigentlech dein Ausdrock am Gesiicht an dann dei Neel passt irgendwei
einfach mega super dei foto!!! jo stemmt dein ausdrock ass och mega!
an dei neel sin och na mega reegelmeisseg opgepescht. . . ech hätt mech scheiss gehat dass ma sou en nool an dAa sprengt
Wi all di aaner kann ech nemmen zoustemmen, super Foto! De männschen ass super an d'Bild gesaat, vun Cadrage hier ass se super, well en eben wirklech mängt et géif eppes hanner him passéiren an hinen dréit sech em, zumools well do och nach alle su däischter ass...
D'bellichtung ass och wonnerbar an di liicht brng téinung passt och ganz gudd!
Ech hu beim bäschte wellen näischt äuszesetzen un där Foto!
mengen zwa net dass et eppes mat Hellraiser ze dinn huet ...Aphenphosmphobia ass Bereierungsangscht doviir dei Piken dei sollen ofhaalen dass een dech bereiert...mol meng Impressioun
Majo, ech krut well vun vill Leit gesot déi d'Foto gesin hun: "Woah, den Pinhead aus Hellraiser!" Ech hun deen nach ni gesin. As bei Korn dann och sou een? Jiddefalls as d'Iddi en bessen vun enger Foto géint den Tubak inspiréiert, déi et mol hei zu Letzebuerg gouf. Di zwou Fotoen hun awer net vill gemeinsam.
Öhm jo, dat sin 127 Neel, ech wärt alt sou eng knapp Stonn gebraucht hun, méng Schwester huet mer bessen mam Pesch gehollef.
great! oO
geseit zwar och bessen no Hellraiser aus mee wells de der Foto den Numm "Aphenphosmphobia" gin hues hun ech se och aanescht interpretéiert (amfong genee sou wéi d'Sylvia),also mat der Beréierungsaangscht.
Bon jiddefalls egal wéi een se interpretéieren soll, mir gefällt se immens!
gesäit genial aus!!
an dee bléck passt wéi den nol op de kapp (oder sou )
cadrage super effektiv! alles genial!!!
bei engem nol gesäit een jo och e bessi vum pesch, mee wat ass dat fir e pesch? heisskleber :-P
Oh gesäit een nach bessi Pesch? Den Mogway huet nämlech net ganz Recht: bessi Photoshop fir Reschter Pesch ewechzemachen. Et waren sou Pads fir Fotoen an den Album ze peschen. Recyclage, iergendwéi
Heisskleber? Nee merci, dovun hat ech emol während 3 Méint eng Narb.
dat mam heisskleber war ee witz obwuel ech mer firstelle kann dass et pesche giff
mee falls de de pesch net gesäis: vum betruechter aus gesin iwwert dem rietzen aa déi zweet rei vun ënnen. gesäit awer net no engem pad aus... oder net grëndlech retuschéiert.
Woow! Genial Idee an perfekt Emsetzung! Des Foto huet et verdingt eng "Top Foto" ze sin!
Ganz gudd gefällt mir den Gesiichtsausdrock, d'Richtung vum Bleck vun den Aaen, den liicht opene Mond, d'Schieter, an den schwaarzen Hannergrond. Flott fannen ech och dass d'Konturen vum rietsen Ouer nach erkennbar sin an beliicht gi sin, soss wär d'Foto vlait net ganz sou flott gin
Sorry.. mee ech fannen neicht un der Foto wat ech net gudd fannen, egal wei laang ech lo schon sichen..
Genial! Hun och nach e ganze Paak där Neel, ma wir nët op sou eng Idee komm an da muss en och mol nach en Affer fannen, waat déi Gedold opbrëngt.
d'Resulat weist et, et war d'Méih an d'Zäit wert.
Jo, et gouf déi Sauerei. Kuck op ménger Homepage an der Rubrik 'Gore'.
Nee, am Escht, dat war um 00h45. Ech hun nach eng Foto vun den Neel gemach an dun war ech einfach ze midd.
fannen di iddi och génial... gif et da naicht soen na aaner ängscht ze fotographéiren? daat waer dach bestemmt intressant...
mee muss soen du hues dech nawell gudd amséiert... di foto faszinnéiert mech wiirklech...
Ech hun tatsächlech welles eng Serie ze machen. Bis dohin kanns de der jo mol di hei Galerie ukucken:
http://www.dpchallenge.com/portfolio.php?USER_ID=27845&collection_id=12132
also ech wollt eigentlech vill mei lang eppes bei des foto schreiwwen, mee iegentwei sin ech nie dozou komm, mee gal also d'foto gefällt mer immens gudd du hues der vill meih gin daat gesin ech! ech fannen dat et eng fantastesch idée ass! deng daischter aaen passen och gudd! Ech gin der eng 9 als vote!
eiei also mier perseinlech ech wees net fannen dei foto immens ausdrockfaeheg an och gut gelongen me iergendwei fannen ech se aellen well t geseit no peng aus kitt doass do net vill peng wor me awer oballlefall as awer eng gut foto all respekt
D'Péng fir mech koum eréischt wi ech d'Neel nees erofgeholl hun D'Péng di am Bild ausgedréckt get berout op der Iddi, dass een deen net ugepaakt well gin, emmer fäerten muss dass dat awer geschitt. Doduerch dass en all di aner ausspärt spärt en sech selwer an.
Wat soll ech do nach soen. Einfach genial photo besser geet et net. Super kenschlerscht concept einfach nemmen schein. Hun awer eng fro wei krus du den hannergrond sou schwarz? All respekt.