Net dat na ee mengt ech wier en Autosfreak, absolut guer net! An Fussball na manner, dofir ass daat gescht den Owend gudd gaang :) wollt daat schon emmer mol probéiren... wär dofir emsou méi frou iwwer ureegungen.
sin och keen Autosfreek , mee muss awer soen: cool !
D'Reflets baussen an d'Luucht ennert dem Auto sin super. Dat mauve bannen am Auto passt fir mäi Goût iergenwéi nët richteg bei d'Faarw vum Auto - kann der awer elo och nët soën wéieng Faarw datt dann elo bannen dran bësser géif wierken...
Kéint mer och den Himmel méi däischter virstellen...Esou guer ganz ouni Himmel an den beton's Ufo do, ass d'Foto gudd - zwar anescht, mee awer gudd.
Also gefällt mer zimmlech gutt dat doten .. Emsetzung ass ganz gutt. Wann ech su op den eischten Bléck kucken fällt mer neischt fehlerhaftes op.
Beliichtung ass tiptop mat den Reflektiounen. Hues de vun hannen beliicht ? Wann jo, misst ennen fir och luucht sin oder ?! Wees lo net weis de dat gema hues
Wei den Galileo sot, bannendran as et vleit su en mauven Toun. Hat di Foto als eischt an der Schoul gesin gehaat mee war mer net secher well dei Computeren net sou immens sin..
Haas de deen Moment vleit probéiert di fiicht Luuten unzemaan?! Géing bestemmt gutt ausgesin
Jo soss hun ech net vill ze meckren, fällt mer opjiddefall neischt mei op an muss soen propper geschafft, sin emmer rem begeeschtert.
Dat mat de Luuchten un wär net méiglech gewierscht well di vill ze hell gei wären :/ de ganzen Auto ass mam Handy beliicht, da kanns de der firstellen dat gaaaaanz wéineg Luucht gebraucht gin ass an daat mat der Lucht un net méiglech gewierscht wär, well suguer wann se just kuurz ugemat gi wär wär schon alles iwwerbeliicht gin.
Jo, enner aanerem ass och vun hannen ennendrenner beliicht gin (net mam Handy) an d'Luucht ass Fier nemmi su stark, mee trotzdem ass de Buedem awer besse beliicht! Daat gesais ee gudd wann ee mat där Foto vergläicht wu keng Luucht vun hanne kennt...
A wi ech zum Galileo soot, den Intérieur wuar déi Fuarw, mee probéiren daat mol an enger aanerer
Merci, freet mech dat se der gefällt!
an ech sin en Autosfreak an fannen se genial!! Supert Färfspill. Den Lak as Top. Cadrage mam Turm as mega.
Wann ech extreem pingelesch sin dan as et just den Rand an den Zillen um Buedem; iwweral sälwescht wir nach méi flott; mä bon - wollt nemmen irgend eppes fannen
Cool, merci freet mech wanns de se flott fenns! Mee wi mengsde daat mam Rand un den Zillen? Dat di an der mett gespléckt gin an an 2 richtungen gin? Daat wuar ma mol guer net opgefall am ufank well et wiirklech stachdäischder wuar. Mee de Marc (Kwitchibo) hat daat dono bemiirkt an ma hu fonnt dat dat awer na bessen dynamik gif gin dem Bild...
Ech kann mech hei denen aaneren just uschléissen. Hei stemmt einfach alles. D'Liichtspill am Lack ass immens flott gin. Sauber Aarbescht! Ech gief se awer net aanescht beliichten am Intérieur, wann den Intérieur déi Faarw huet. Daat kéint eventuell dann onnatierlech eriwerkommen. Se ass souwiesou gudd sou.
ech si begeeschtert vum Auto, deen iergendswéi aus engem SciFi-Film ze komme schéngt (gëtt nach ënnerstëtzt durech d'Verzerrung vum Waassertuerm);
den Himmel a 'rubine red' an den Tuerm a gro: dann wäer d'Fiktioun fir mech perfekt, mengen ech emol
Also, teschnech gesin fannen ech d'beliischtung vum auto wierklech top! Mee di faarw am himmel an iwerhaapt d'perspektiv vum auto (och weinst der brennwait an dengem vollformat) gefaalen mir perseinjech net richteg... Wierkt net sérieux genuch... Außer du hues lo en karrikaturalege style gesiischt, dann ass se gelongen
AD: mech geif et intresseieren weis du dat mat den luuchten ronnbruecht hues... weivil haas du der, respektiv, wei hues du se agesaat?? Geif ech wierklech gäaeren wessen...
Also d'Perspektiv wär o net aanescht mat engem 17mm um DX wi engem 24mm um Vollformat Mee du hues räscht et wirkt o net ganz serieux, et soll jo och bessen iwerdriwwen sin, dowéinst och dem Himmel. Haat och mat manner Wäitwénkel priobéiert, mee daat huet einfa net gepasst well keng Dynamik mi dra wuar.
Mat de Luuchten, wi ech sot, de ganzen Auto ass mat enger Handyluucht beliicht gin, just nach e bletz vun hannen ganz duus, enner den Auto, an namol an d'Hecken hannendrun fir na bessen opzehellen. Ech si mam Handy rodrem den auto getreppelt an hun en ''ugemoolt'' mat der Luucht.
Ah, huff! Ech haat mech schon gefrot, handyluucht?! Damned! Lo verstin ech... Do freet een sech fwa et na lait gin di deier luuchten kaafen, wann een esou en resultat gesait!
immens.. ass schon alles gesoot gin .. ( mech erennert den Waassertuerm ganz vill un dei Serie dei ech emmer als Kand gekuckt hun "Tripods" (oder "Die Dreibeiner" mee haechstwahrscheinlech kennt rem keen dei