E bësse méi am Detail wéi een dat da lo mëcht:
Fir d'éischt sicht een sech e Stärebild eraus. Ech hu mech sou gestallt dass de Polarstär just iwwer dem Bam as, dann dréint alles do rondrëm.
Et brauch een e gudde stabillen Tréied deen iwwert eng Stonn net wackelt.
D'Beliichtungszäit stellt een op 30" oder sou laang wéi méiglech ouni eppes iwwerzebeliichten wann nach aner Luuchten sollten am Bild sin.
Dann stellt een den Fotoapparat op Burst Mode. Fir dass den Apparat elo (mindestens) eng Stonn lang Fotoe mecht muss een entweder eng Fernsteierung benotzen, oder wann ee wéi ech grad keng bei Hand huet eng aner Manéier fannen fir dass den Ausléier gedréckt bleiwt. Ech hun eng Pärel op den Ausléiser geluecht, rofgedréckt a Peschband driwwer.
No all de Stärefotoen mecht een nach en puer Dark Frames, also einfach Fotoen wou den Deckel um Objektiv as.
Dono hëllt een all d'Fotoen, am RAW kann een evtl nach als Batch all d'Fotoen e bëssen upassen.
Dann schéckt een all d'Fotoen an d'Darkframes an den Programm "Star Trails". Deen setzt se zesumen.
Ah dat wollt ech schon emmer maan mee wuar na nie genuch motivéiert iergentwéi... lo am summer wan et an der nuet mol mi wuarm ass probéiren ech et och fannen deng ganz gudd, och flott dat nach eppes am firgrond ass, a net just d'stären!
dito, ech hun schon oft probeiert, mat klengen blenden etc ... iso rop a roof, mais ENG STONN ze beliichten as mer nach net an den kapp komm !
super resultat !!!!
ps: @gloda : kanns de filleicht eng kuerz erklärung zu den darkframes an deem program gin, fierwaat as deen gut ... resp. fierwaat muss een nach doderduerch goen ?
Darkframes sin fir dono d'Rauschen an den Grëff ze kréien. Den Programm erklärt sech u sech vum selwen, du lueds d'Fotoen dran an klicks op Start oder sou.