Haat mam Canon programm probeiert... hu keen ps (wuel een vun deenen weinegen)! Wann ech zeit fannen mengen hänken ech mech nach engkeier do hannendrun! Heinsdo geseid een vu lauter biller keng pixele mei
ech hun mol probeiert mat dengem bild eppes am gimp ze maaen an muss soen das dat ganz gudd no da verscharfung gesiet ;] probeier mol de gimp(as gratis)
ech hun deng bild nemmen ganz kurz rofgespeichert an hun et lo schon gelecht ;] also braucht keng angst ze hun das ech et lo geklaut hun
wens du froen hues iwwer de gimp da kannst du mear schreiwen ;] ech sinn lo awer eng woch net hem an ka sinn das ech net direkt zereck schreiwen
Déi Fiiss do erënnere mech un eis zwee Kuederen, déi sinn och dacks amgaang spilleresch ze "kämpfen".
Schued ass just déi relativ déck däischter Sträif (Schiet vun engem Gelänner?) déi bei Nr. 1 quesch duerch d'Bild geet an iwwer dee Fuuss, deen do läit.
Haat d'blend ebessi falsch a gestallt (war alles ebessi seier gaang) hun d'photo ebessi mei deischter misse maan an dun ass den schied leider och vill mei deischter gin... mee hu geduecht well se grad queesch iwwert dem fuus as, as et irgendweis net grad esou schlemm... sou wei wann en sech am schied weilt verstoppen
Tréischt Dech, dat mat der falscher Blend kennen ech, dat hat ech och schon dacks genuch , besonnesch, wann's de Déieren an Aktioun wëlls festhalen, da geet dat oft esou séier, dann ass de Spektakel scho bal gedo, wann alles richteg agestallt ass. Wollt Dech resp. Deng Biller mat mengem Commentaire op kee Fall erofmaachen, hoffen datt dat net esou riwwer komm war...
No worries Gin der secherlech rescht, den schied ass ze deischter an wär besser wann en guer net do wär! Mee den deiercher kann een eben net emer soen wou se spille sollen fir dat mir eng gudd photo kenne maan ;) ass eben en challenge fir sech
Mee hu kritik gär, dann wees ech waat ech nächste keier ka besser maan, leiere jo nach
eng flott fuussespillkampfszene !
d'zesummensetzung vun denger serie gefällt mer, dynamech, richteg action
d'schärft bei all dem gewibbels as fier mech akzeptabel, souguer net schlecht.
d'as am fong naischt wat mech stéiert..
( op der 3ter kukt d'vicky no )
jo, de pepsi as de chef
Merci Frou dat se der gefaalen! Mat deem ganze gewibbels ass et wirklech net einfach ze scharf ze greien!!
D'Vicky ass eng madämchen, daat haat sech gudd aus der affaire gehaal, den Ego grut se dun all Den pepsi steht och vill ze vill enner schutz vu sengen mamm'en, un deen därf keen erun