éischt foto vun eisem génialen foot-shooting de mëtten...
Hun bewosst alles am waitwenkel an am Fisheye geshoot...féiss am fordergrund an extreem verzerrt.
Vito... als éischt... fannen ech se TOP! Awer als zweet stéiert mech e bëssi dass hat 52 am Schung huet. Vun der Bea fannen ech se wierklech ganz gutt, awer vun der Technik (13mm!!!!) ass et eng geféierlech Spillerei. Den Flare um rietsen Fouss stécht och immens am Ae an d'Kompositioun ass net ze iwersinn (fir wat Schiet do wou Sonn ass). (Koschtruktiiiif Kritikkk, don't kill me!!!)... Sinon "coool"; jenseits vun mengen topeschen Verbesserungsvirschléi.
shanti...13mm!!!! ass gewollt ...fäerdeg den ganzen shooting ass am WW an am FE... nenn mech antikonformist, oder waat och emmer...ech sin esou
regelen sin fir schofen...an ech maachen gäeren nei an innovativ saachen...wann et net gud ukkent wäll ech mech net un de regelen haalen...ass daat mir ziemlech wurscht...ech sichen mein style...an daat ass eben surreell, irreel (kuck meng planeiten, portraien, hdr etc...waat huet daat nach matt der realiteit ze din?)...
PS: am ganze shooting war et fetishismus ugesoot,,,also erwaard dir mossen wéi 62 am fouss, an och deelweis 84
Ech wees och wéi et richteg geet...mä daat iwwerlossen ech aanerer
Ech bezeechne mech elo als foto-künstler...an ech hun spaass dorunner fantasy fotoen ze maachen
"Koschtruktiiiif Kritikkk, don't kill me!!!"
Du bass schon zënter Joeren net den eenzegen den dat mëscht... also ass dat net innovativ... Kuck dir dem Lorryson (een gudden Kolleg) seng Galerie hei, an op Flickr un... et war net schlecht gemengt.... Ech stiechen och gären eng Fauscht op d'Ae an wann ech meng Meenung soen... An dat war net schlecht gemengt... Ech schreiwen eben éierlech wat ech mengen, egal wéi et opgeholl get. An dobäi hunn ech net gesot dass ech et net gutt fannen!!! Also... cool down!
(An bitte mach aus dem PS een Edit...)
Sin cool...keen probleem...mä des bild entsprecht ganz genau waat ech fir hat..dorems ass et gaang...matt ww an fe e schooting ze mann den net esou verbreed ass, also teschnick schick schnack....la fin justifie les moyens....Et waar keen fehler a ww ze huelen, sou dom sin ech och erem net...soss hätt ech keng 150 biller esou geschoss...bei der 10 hätt ech et gemierkt...
Naicht geint konstruktiv kritik....ab elo kennt alles an digital art, dann ass alles ok
Boah... Vito... meng Kritik gelt virun allem dem Flare op dem rietsen Been (Fotografenperspektiv). Den Rescht fannen ech ganz gutt sou. Verstéih mech net falsch. Et waren just "Verbesserungsvirschléi" (oder Finetuning) vun mir. Net méi.... Ech fannen dat gutt dass du däin eegenen Wee gehs!
That's life... Ech hun och eng ganz Këscht sou Krom hei heem an ech maachen awer keng Fotoen domat well ech och an Zwëschenzäit keng Beatles méi lauschteren. Et muss een eben och mat der Zäit matgoen obwuel et mir net ëmmer einfach fällt awer dofir ass den Ed jo dat beschten Beispill. Hien weist eis Zäitgerecht Fotoen awer hien huet Saachen gemeet wou hei op PG wuel déi mannsten kennen matspillen... An, awer, geréit hien ëmmer erëm an d'Kritik... Les Goûts et les Couleurs....
ech schreiwen dest elo hei, ech hätt et och kéinten an den Forum schreiwen ...
ech liesen oft an op villen Plaazen, waat Foto unbelangt:
"ech haalen mech net (méi) un Reegelen",
"Reegelen sin do fir net angehaalen ze gin",
etc, etc ...
jo stemmt ... awer nemmen deelweis ...
gewessen Reegelen mussen jo awer bäibehaalen gin, soss ass een, och wann et zB "fantasy" ass, einfach net "kredibel", soen ech elo einfach emol well ech keen aanert passend Wuert fannen
sech net un Reegelen haalen, mecht nach lang net, dass d'Foto gutt ass
(daat ass elo net fir deng Foto gemengt, m-otiv)
an och zB Fantasy Kenschtler haalen sech un gewessen Reegelen
ech denken do zB un den DLC (ass daat fantasy? wees ech elo net genau, mee egal)
ech wollt dech elo guer net ungraifen, oder kritiséieren, (wisou sollt ech och? an et ass och (meeschtens ) guer net mäin Stil, mengen ech emol)
mee just villaicht fir een échange vun POV's ze hun
am Fong am Résumé:
sech net un Reegelen haalen kann jo net all Foto an all Konzept an all Emsetzung "entschellegen"/fir gutt heeschen
oder?
EDIT: @ shanti, oh fr*** ... ech hun elo 13' gebrauchjt fir daat heiten ze schreiwen?? dain leschten Comment stung nach net do
kuck emol,
ech verstin esou wéineg vun Foto-Reegelen (dofir kann ECH jo bestemmt KEEN hei beléieren),
dass ech daat vun der Sonn an den Schied emol net direkt gecheckt haat
ech wollt am Fong just op daat "ech haalen mech net un Reegelen" angoen, wéi gesoot, waat ech oft liesen
an oft och als "Rechfertegung" geholl gett fir eppes waat net esou korrekt ass (den famösen Reegeln no) ... oder well d'Foto net bei jidferengem esou gutt unkennt wéi geduecht (gehofft?), deen eppes dovunner kennt
an wéi den Kwitchibo emmer seet:
schlussendlech --> Haaptsaach d'Foto gefällt dir an dem Model
Merci Jade...foto gefällt, an hätt ech se "as is" eropgelueden, dann hätt ech 2 kommentarer an e langweilegt bild...hei hatte mir weinstens eng debatte erregt
So du mir nach eng kéier, ech wier net normal.....
Deng Iddi mam ww an vun ennen erop ass verreckt.
Ech fannen se witzeg, mais fir de Rescht ass alles gesott hei.
merci Mike...ma dat war wat ech matt dir probéieren wollt hun et dann eben gëscht spontan last minute leit ugeruff fir do matzemaachen
ech hun der nach aanerer an desem style matt anner outfits...villaicht get eng jo méi spacey