Lo well ech an de Bildschierm beissen! Flott spretzeg Serie. Dei Dynamik dran gefällt mer deck gutt. D'Waasser as sou schaarf gerooden, et keint ee baal mengen et wier Eis.
Schwaarzen Hannergrond.....jo, ass och gutt, ech well och elo net soen daß Blo besser wär mä ech kann mir et elo emol besser virstellen...., Waasser géif mengen ech dann besser wierken...., oder mam HG verschwammen...hm, dat misst een schon ausprobéieren.
Däerf ech froen weis te et gemaat hues? Waasser vun uewen ob den Appel an Foto duerno gedreit?
Mee wei hues de dat dann gemat fir Waasser esou schaarf ze kréien. Geet hei 1/200sec duer...., knapps oder?
Schwaarze HG, well ech keen bloen hunn
Ech hunn se an der Douche gemaach. Den HG hannen fest gepecht. Den Apel hunn ech dunn an d'Mëtt opgehange an vun ënnen lenks d'Waasser aus engem Glas drop gesprutzt. D'Photo dunn mat Stativ a Blëtz (1/250) geholl.
Ah, du hues Waasser also esou drop gesprutzt wei eT hei ob der Foto ass. Ech haat elo geduercht du häs Waasser vun uewen drop geschott an herno Bild gedreit.
1/250 an et ass esou scharf gin...., pas mal, hät ech elo net geduercht....
Ech hat schon sou Photoe mat Mëllech gemaach, an dat ass vill méi eng Sauerei, vir dat ze botzen, besonnescht, wanns du e puer Sprëtzer vergiess hues, an déi dréchnen an.