Do get 1 Réf net duer Ed, do brauch én der 450.000 ... mir ginn all ënner ... Dat soot de Gorbatschov virun 10 Joer... an bis elo war dei Nostradamesch Consideratioun mol net esou flasch ... Ginn net elo an detailer ... ech riskeieren dat verschiddener mech net verstinn
Charel ... ech ginn dir den Owend eng Aentwert... hun et net vergiess...
De Qatrain ... net esou kriptesch an partiellement psychotesch ewei dem Nostradamus seng an d'Griechesch Oraklen.
Ech well och net "Strumentaliseieren" dat wat de Gorbatshev sot...
Jo ... all System esou perfekt en keint sinn ass voueiert eng keier ze zerfaalen... an och aisen Kapitalisteschen System.
E Mëttelwé tescht Komunismus oder réellen Sozialismus an Kapitalismus keint eng Solutioun sinn... Dat ént fir den Egoismus ze appaiseieren , den aaneren fir dat alles net vun enger Course à la Production an esou eng Course à la consommation ze hunn ...
Mé wei ?---- Keng Blass Aanung ... ech kenn mir mol net é Model virstellen... An desem Bereich kenn ech absolut net Creativ denken. Et fehlen mir abolut all Denk Kategorien dozou.
Inflatioun, Defaltioun
Croissance an Rezessioun
Schaffen an net Schaffen
Reich an Arm
Zefridden an Onzefridden
Ennergoen oder och net
Bank oder Artisanat
Trock oder Suen
Iessen oder hengeren
Luxus oder LE nécessaire
chi piu ne sa piu ne metta
Oh lala! Méng Foto léisst eng déifgrënneg Diskussioun aus. Schéin! Dat ass eng gudd Saach. Déng Gedanken, Gennaro, do kéinten och méng sinn. Ech, deen als "Pauker" mat ménge Klassen di läscht Joeren vill iwwert Guerre froide, Mondialisation, a Crise geschwaat hun, kommen och ëmmer méi zur Konklusioun, datt mir am Moment an enger "éoque charnière" liewen, wou ee grousse Flou artistique ass, zumindest an eisen "aalen" Zivilisatiounen, déi soulaang relativ gudd funktionnéiert hu, wéi et nach eng Zort forcéierten "Protectionnismus" gouf, durch eben den Ost-West-Konflikt an déi bipolar Welt an China séch huet misse vun de Séquelle vun der ère Mao erkrabbelen. Mais haut ass dat net mi sou einfach a kloer. Haut ass et eben net méi kloer, wien wat wou bestëmmt fir datt et an di eng oder aaner Richtung geet. A wann ee mengt, et hätt een dee richtege Wee ageschloen, da kommen engem um Wee op eeemol Leit entgéint di ruffen: Dréin ëm, dohanne geet et net mi weider. Ech beneide méng Schüeler(innen) net. Mir hate fréier jo de Sproch drop: et ass eng elle Welt, awer deemols war et Ironie, haut ass et batter Realitéit. (p.s. mir sin dee nämléchte Joergang, 63er gedu?)
Jo ech sinn én 63 er ... an mir sinn eben die Generation Charnière... vun Elteren erzunn dei am Krich op d'Welt koumen. Vun Eleteren dei neischt anersters haten ewei ieren post-belleschen Optimismus...awer och gleichzeitesch dei lescht Generatioun mat Moral an dei eischt Generatioun post-68. Sozialen Wandel hai zu Lux mat den Eisen Krisen an Petrol Krisen... Voll am Guerre du désert, awer och alles vun der Berliner Mauer matkritt . Mir hunn ais d'Fro gestallt op den Komunismus misst iwerliewen oder op mir sie all an engem Wellen Kapitalismus schecken missten.
Mir sinn och dei Generatioun dei fir d'Lescht an d'Kierch gangen sinn, mir sinn och dei eischt dei ais Kanner nitt mei gedéft hunn.
Mir sinn esou ni poisson ni viande e bessi wei d'immigrierten Kanner.
Mir sinn ais dem Wnadel elei bewosst an ech sinn total denger Ménung ... ech beneiden mengem klengen seng Zukunft och net... Dat mescht mir schrecklech Angscht.
Nu je ... mol kucken
Gennaro,
Ofgesinn vun all deenen sozial-economesch-politesche Considératiounen géif äis Welt vill besser funktionéieren mat e bëssen méi Éierlechkeet:
Éierlechkeet vum Banker, vum Staat, vun den Entreprisen, vun de Beamten, vun de Gewerkschaften, vun den Dokteren, vun de Krankekeesen, de Sportler an hire Funktionären, etc.
Just e bëssen méi Éierlechkeet.
Me dat ganzt, charel, hat als cause dechainante, d onneierlechkeet. An dofir ass hyperliberalismus de katalisator vun der oneierlechkeet. Cf d cause vum dr streik
ze hoffen... Nu jé
Jo socialisation des pertes de ceux qui optimisaient les bénéfices... An den Armen Deiwel gét an de Prison wann hien net iwert d'Drett Woch vum Mount kennt ...
Bei den Deieren, Gennaro, geif et vill mei heftech zougoen: eng Sejomes, zum Beispill, dei net geif matschaffen, waer verluer. Schmarotzer, mol net Parasit, a scho guer net Symbiont, waer se. E Profiteur, quoi. En Eekel.
Ouf! Endléch huet een et gesin! Merci Gennaro, ech duecht schon, ech wier ze vill subtil an nëmmen ech hätt déi Korrelatioun do gesin, wéi ech de läschte Sonndeg zu Lëltz iwwert d'Bréck do spadséiert sin. Genau dat ass nämléch mäin Hannergedanke gewiescht, datt ee séch zumindest soll d'Fro stellen, ob deen, fir deen di Kapell do steet, och nach haut ee Rettungsreef fir d'Mënsche bereet hält. (fir déi jéineg, déi nach un eng Transzendenz gleewen) oder ob et besser ass, op séng eege mënschléch Fähegkeeten a Werter wi Solidaritéit, Hëllefsbereetschaft awer och Technik an Erfindungskraaft ze vertrauen an dat Metaphysescht am Flou verschwannen ze loossen (fir di aaner, déi näischt mat Relioun um Hutt hun). Ech hun dofir och ganz bewosst d'Kapell weder ganz scharf nach richteg onscharf ofgebildt. Et ass also net sou, datt ech d'Technik vun der Fotografie net géing beherrschen..., mais ech hu ganz bewosst eng Mëttelblend gesicht, fir deen Effekt ze kréien.
Mir hunn jo iwert Iwerliewung , en général, diskuteiert, an do kennt d'Kierch och mat erann. Dei verschwend gaeren aus dem selweschten Gronn firwaat Solidariteit an Naechstenliebe och verschwend... de firwaat och eise Kapitalismus och am gangen ass ze verschwannen... wengstem eccessiven Egoisismus an Habgierde an én Totalen Mangel un Spiritualiteit... Alles Matière an nemmen dei iwerflaechlecht...
Wou ginn mir hinn? Wien waerd ais retten?
Kuck d'Foto vum Popst am Essentiel! De mauvais gout... Firwat net dat selwescht mamm Herr Junker oder aisen Grand Duc?
Ech sinn kén Religiösen am strikten Sënn vum Wuerd mé ech sinn awer eng Religiös Edukatioun an eng Spirituell AKtivitieit hunn ech och .
Et dét mir schrecklech Léd dat de Spiritualismus komplett oder bal am Verschwannen ass.